Schlass Turelbaach
D'Schlass Turelbaach ass e schlassänlecht Gebai an der Turelbaach, dat ongeféier tëscht 1973 an de fréien 2000er Joren no an no gebaut gouf.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Groussbus-Wal |
Koordinaten | 49° 51’ 02.5’’ N 05° 59’ 04.2’’ O |
Héicht | 341.50 m |
Proprietär | Mäerzeg |
Geschicht
1964 krut de Pol Gilson, Gemengesekretär vun der Gemeng Mäerzeg, d'Autorisatioun, bei der Turelbaach en hëlzene Weekend-Chalet ze bauen an e fréiere Weier nees unzeleeën, sou datt Inselen entstane sinn, woudrop de Chalet stoe koum[1].
1973 ass d'Holzhaus komplett ofgebrannt. Doropshin huet de Gilson ugefaangen, en neit Gebai opzeriichten, dat en no an no a senger Fräizäit iwwer Joerzéngten op- an ausgebaut huet. Esou ass e schlassänlecht Haus entstanen, mat Tiermercher, Brécken, Pseudo-Wiergäng a -schéissschachten, souwéi engem Park mat Sprangbur a Skulpturen, dat ganz an engem neoklassizistesche Stil. Eemol am Joer huet hien e grousst Fest a sengem 'Schlass' organiséiert.
De Gilson ass 2007 gestuerwen, an 2020 huet seng Wittfra Anny Gilson den 'Domaine', deen zum gréissten Deel an der haiteger Gemeng Groussbus-Wal läit, fir 450.000 Euro der Gemeng Mäerzeg verkaaft.
D'Gebai mat sengem Ëmrank gouf, op Demande vum neie Proprietär, den 2. September 2022 als national Kulturierfschaft klasséiert[2].
Biller
Kuckt och
Um Spaweck
- D'Schlass Turelbach. Reportage aus der Serie Top Secret op play.rtl.lu.