Steyr AUG

D'Steyr AUG (Armee-Universal-Gewehr) oder StG 77 ass en éisträichescht Stuermgewier. Et gëtt dovun eng hallef Dose Varianten: A1, A2, A3, 9 mm, HBAR (liicht Maschinnegewier) an Z (zivil Versioun, reng hallefautomatesch). Si sinn alleguer am Kaliber 5,56×45 mm, ausser natierlech d'9 mm. D'Lëtzebuerger Arméi huet d'Varianten A1 an HBAR als Standard.

Steyr AUG A1 mat 508 mm Laf
Steyr AUG A1 mat 508 mm Laf
Steyr AUG A1
Steyr AUG
TypStuermgewier
NationalitéitÉisträich
ÄraModern
Geschicht
Datum vum Design1977
Produktiounsperiodvun 1978 bis haut
Serviceperiodvun 1978 bis haut
Operatorenkuckt am Text
Technesch Detailer
TypStuermgewier
Kaliber5,56×45 mm NATO
ZielfernrohrVergréisserung 1,5 Mol
Längt vum Laf508 mm
Chargeur30 Schoss, 42 Schoss (fakultativ)
ActionGasdrocklueder, Dréiverschloss
Schosskadenz650 rpm
Mëndungsvitess992 m/s
Gewiicht (eidel)3,6 kg
Längt790 mm
VariantenA1, A2, A3, 9 mm, HBAR, Z
Am Ganze gebautn/a

Enn der 60er, ufanks der 70er Joren huet d'Firma Steyr-Daimler-Puch respektiv Steyr Mannlicher mat der Entwécklung ugefaangen. 1977 huet d'éisträichesch Arméi sech decidéiert, d'Steyr AUG A1 als neit Stuermgewier bei sech anzeféieren, an ee Joer drop huet d'Produktioun dann effektiv ugefaangen.

D'Steyr AUG ass eng Bullpup-Konstruktioun, wat bedeit datt de Schacht vum Chargeur hanner dem Ofzuch läit. Dat erlaabt et, eng relativ kuerz Waff ze hunn, déi awer mat engem laange Laf ekipéiert ass. Zum Verglach: d'Steyr AUG bréngt et mat 790 mm Gesamtlängt op e Laf vu 508 mm Längt, wärend déi däitsch G3 mat 1026 mm Gesamtlängt just op e Laf vu 450 mm Längt kënnt. Dat eenzegt negatiivt bei där Konstruktioun ass, wann iwwerhaapt an dann och just fir Sammler, den e wéineg futuristesche Look.

De Kierper vun der Waff ass aus engem Anti-choc Haardplastikgemësch, dee se souwuel liicht wéi och robust mécht. Den ieweschte Grëff besteet aus enger optescher Lunette vun Tasco mat enger Vergréisserung vun 1,5. Optional kann een och an d'Plaz eng Mil. Std. 1913 Schinn kréien (bäi der A3 an der Z ass d'Schinn Standard).

D'Steyr AUG ass eng zimmlech einfach Waff

D'Steyr AUG ass eng ganz zolidd Waff, déi ouni Problemer an alle méigleche klimateschen Zone gebraucht ka ginn. Sou fënnt ee se ausser an Éisträich an zu Lëtzebuerg och nach an Australien, Néiséiland, Irland, Dänemark, Marokko, Oman, Saudiarabien, Malaysia, Bolivien, Ecuador, der Falklands Islands Defence Force a bei ville Spezialunitéiten a Policecorpsen, wéi z. B. bei der US Coast Guard.

Um Spaweck

Commons: Steyr AUG – Biller, Videoen oder Audiodateien