Tour de France 1904

Den zweeten Tour de France gëtt vum 2. Juli bis de 24. Juli 1904 gefuer.

Tour de France 1904
Detailer
Course2. Tour de France
Etappen6
Datumer2. – 25. Juli 1904
Distanz2.428 km
LandFRA Frankräich
DepartMontgeron
ArrivéeVille-d'Avray
Um Depart88
Ukomm27
Vitess (Moyenne)25,265 km/h
Palmarès
GewënnerFRA Henri Cornet (Cycles JC)
ZweetenFRA Jean-Baptiste Dortignacq (Elvish)
DrëttenBEL Aloïs Catteau (La Française)
◀19031905▶
Dokumentatioun

Allgemenges

  • Den Tour besteet aus 6 Etappen an huet eng Totaldistanz vu 2 429 km.
  • D'Moyenne vum Gewënner (Henri Cornet) ass 25,265 km/h.

D'Affär

Den zweeten Tour de France war och bal de leschte ginn. D'Kompetitioun war en Affer vun hirem eegene Succès vum Joer virdru wéinst fanatesche Reaktioune vu franséische Spectateuren a Faveur vun der Ekipp « La Française » (d'Ekipp vum Maurice Garin), a verschiddene Fuddlereien. Den Henri Desgrange denkt souguer dru fir d'Saach komplett falen ze loossen.

Als Folleg vun dësen Evenementer gëtt d'Resulat vum Tour eréischt definitiv den 2. Dezember homologéiert. Aacht Coureuren ënner hinnen déi véier Éischt aus dem Generalklassement ginn deklasséiert oder suspendéiert.

Sou kënnt et datt den Henri Cornet deen de fënneften am Generalklassement war op déi éischt Plaz rutscht an als Vainqueur deklaréiert gëtt. De Maurice Garin kritt eng Suspensioun vun zwee Joer opgedréckt (déi hie säi ganzt Liewe laang contestéiert), an de Lucien Pothier, 2. zu Paräis, gëtt liewenslänglech gespaart (dëst gëtt awer no dräi Joer erëm opgehuewen).

D'Etappen

Wéinst den Deklassementer vum 2. Dezember falen d'Etappegewënner (Garin, Pothier an Aucouturier) ewech.

EtappDatumEtappestiedtypeLängt (km)GewënnerGeneral­klassement
1. Etapp 2. Jul.Montgeron – Lyon
Flaach Etapp
467 Michel Frédérick Michel Frédérick
2. Etapp 9. Jul.LyonMarseille
Flaach Etapp
374 Alfred Faure Émile Lombard
3. Etapp 13. Jul.MarseilleToulouse
Flaach Etapp
424 Henri Cornet Henri Cornet
4. Etapp 17. Jul.ToulouseBordeaux
Flaach Etapp
268 François Beaugendre François Beaugendre
5. Etapp 20. Jul.BordeauxNantes
Flaach Etapp
425 Jean-Baptiste Dortignacq Henri Cornet
6. Etapp 23. Jul.Nantes – Ville-d'Avray
Flaach Etapp
471 Jean-Baptiste Dortignacq Henri Cornet

Generalklassement

Generalklassement
CoureurLandEkippZäit
1. Henri Cornet FrankräichCycles JC96 h 05 min 55 s
2. Jean-Baptiste Dortignacq FrankräichElvish+ 2 h 16 min 14 s
3. Aloïs Catteau BelschLa Française+ 9 h 01 min 25 s
4. Jean Dargassies FrankräichNo name+ 13 h 04 min 30 s
5. Julien Maitron Frankräich+ 19 h 06 min 15 s
6. Auguste Daumain FrankräichPeugeot+ 22 h 44 min 36 s
7. Louis Coolset Belsch+ 23 h 44 min 20 s
8. Acille Colas Frankräich+ 25 h 09 min 50 s
9. René Saget Frankräich+ 26 h 28 min 36 s
10. Gustave Drioul Belsch+ 3 h 08 min 09 s
Source: ProCyclingStats


Um Spaweck



Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 |12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23| 24