Tsachiagiin Elbegdordj


Den Tsachiagiin Elbegdordj (Mongolesch Цахиагийн Элбэгдорж), gebuer den 30. Mäerz 1963 zu Zereg, Chowd-Aimag, ass e mongolesche Politiker.

Tsachiagiin Elbegdordj
Gebuer30. Mäerz 1963
NationalitéitMongolei
EducatiounJohn F. Kennedy School of Government,
University of Colorado Boulder,
University of Colorado
AktivitéitPolitiker, Schrëftsteller, Journalist, Ëmweltaktivist

Hie war vum 23. Abrëll bis den 9. Dezember 1998 an dann nees vum 20. August 2004 bis de 25. Januar 2006 Premierminister, a vum Juni 2009 bis de Juli 2017 Staatspresident vun der Mongolei. Tëscht 1990 an 2000 war den Elbegdordj dräimol an dat mongolescht Parlament ("Grousse Staats-Chural") gewielt ginn.