Vëlosummer
De Vëlosummer ass eng Manifestatioun uechter d'Land, déi zanter 2020 vum Mobilitéitsministère an Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun fir Tourismus vum Wirtschaftsministère am Summer organiséiert gëtt. Et geet drëm fir d'Lëtzebuerger Land an d'Vëlofueren z'entdecken an awer och fir den Tourismus ze fërderen.
Geschicht
2020
Déi éischt Editioun gouf 2020 an d'Liewe geruff, nodeems d'Vëlofuere besonnesch zanter dem Ufank vun der Covid-19-Kris vu ville Leit nei entdeckt gouf. De Staat wollt doropshin en Akzent setze fir de Cyclissem z'ënnerstëtzen an ze stäerken[1]. Et goufe sechs Strecke vum staatleche Stroossereseau erausgesicht, op deenen am August 2020 just Cyclisten, Awunner an RGTR-Busse fuere konnten. Ënner anerem ware follgend Strecke betraff[2]:
- Alzeng – Siren
- Mamer – Schëndels
- Munneref – Elleng
- Kéideng – Guedber
- Wilwerdang - Wäiswampech
- Steesel – Hënsdref – Pretten – Gousseldeng – Miersch.
2021
Bei der zweeter Editioun hu ronn 20.000 Vëlosfuerer matgemaach[3].
2022
Fir d'2022er Editioun déi vum 30. Juli bis den 28. August gaangen ass, waren um Territoire vu 56 Gemengen am Ganzen 11 cyclotouristesch Tier mat enger Streck vun iwwer 450 Kilometer a mat verschiddene Schwieregkeetsgraden erausgesicht ginn[4]. Mam Programm „Move we carry“ konnten d'Cyclisten bei méi laangen Tier hiert Gepäck vun enger Etapp op déi aner transportéiere loossen[3].
Déi 11 Strecke waren:
- Mam Jangeli bei d'Kätti
- Sir-Uelzechtdall-Tour
- Family Tour am Süden
- City-Tour
- Uewersauer-Tour
- Dräi Däller-Tour
- VëloViaNorden
- Mëllerdall-Tour
- Äischdall-Tour
- Wëlle Westen-Tour
- Mamerdall-Tour
Um Spaweck
Commons: Vëlosummer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Promotiounsvideo Vëlosummer 2022 - Lëtzebuerg, dat ass Vakanz op youtube
- Websäit Vëlosummer 2022 op visitluxembourg.com
- Iwwersiichtskaart vum Vëlosummer 2022 op geoportail.lu