Walter Mondale

amerikanesche Politiker

De Walter Frederick „Fritz“ Mondale, gebuer de 5. Januar 1928 zu Ceylon, am Minnesota, a gestuerwen den 19. Abrëll 2021 zu Minneapolis[1], war en US-amerikanesche Politiker (Minnesota Democratic-Farmer-Labor Party; resp. Demokratesch Partei). Hie war, ënner dem President Jimmy Carter, vun 1977 bis 1981 den 42. Vizepresident vun de Vereenegte Staaten.

Walter Mondale
GebuertsnummWalter Frederick Mondale
Gebuer5. Januar 1928
Gestuerwen19. Abrëll 2021
Minneapolis
NationalitéitUSA
AktivitéitPolitiker, Affekot, Diplomat
ParteiDemocratic Party

Virdru war hie vun 1960 bis 1964 Attorney General (Justizminister) vu Minnesota a vun 1964 bis 1976 Member vum US-Senat. De Mondale war 1984 Presidentschaftskandidat vun den Demokraten, huet d'Walen awer géint de Ronald Reagan, dee scho President war, verluer. Vun 1986 bis 1993 war hie President vum National Democratic Institute for International Affairs a vun 1993 bis 1996 Ambassadeur vun den USA a Japan.

Literatur

  • Walter F. Mondale & David Hage: The Good Fight: A Life in Liberal Politics. University of Minnesota Press, 2013; ISBN 978-0816691661

Um Spaweck

Commons: Walter Mondale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen