Wiesbaden

Landeshaaptstad vun Hessen, Däitschland
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Wiesbaden ass d'Landeshaaptstad a gläichzäiteg no Frankfurt (zirka 35 km ëstlech) déi zweetgréisst Stad vun Hessen an huet eng Fläch vun ongeféier 204 km². Wiesbaden ass virun allem bekannt fir seng waarm Bieder a seng historesch Architektur, an zielt zu deene schéinste Stied vun Däitschland. Zanter 1951 ass Wiesbaden Sëtz vum Bundeskriminalamt an zanter 1948 vum statistesche Bundesamt.

Wiesbaden
LandDäitschland
BundeslandHessen
RegierungsbezierkDarmstadt
KreesKreesfräi Stad
BuergermeeschterHans-Joachim Jentsch
Awunner283.083
 (31. Dezember 2022)
Fläch203,9 km²
Héicht115 m ü. NN
Koordinaten50°4'57"N, 8°14'24"O
Telefonszon6122
Postcode65183–65207
Websäithttps://www.wiesbaden.de/
Jumelage matMontreux, Gent, Fondettes, Ljubljana, San Sebastián, Wrocław, Görlitz


Vue iwwer Wiesbaden

Geographie

Wiesbaden läit op der rietser Säit vum Rhäin.

Bezierker

Bezierker vu Wiesbaden

D'Stad Wiesbaden ass a 26 Bezierker agedeelt.

Mainz-Amöneburg, Mainz-Kastel a Mainz-Kostheim hu bis 1945 zu Mainz gehéiert. Dohier den Numm.

Kuckt och: Lëscht vun de Wiesbadener Bezierker

Nopeschstied

Wiesbaden grenzt am Norden un Taunusstein an un Niedernhausen, am Osten un d'Stied Hofheim, am Süden u Mainz an am Westen u Schlangenbad, Eltville a Walluf.

Klima

Klimadiagramm Wiesbaden

Wiesbaden läit an der gemässegter Klimazon. D'Joresmëtteltemperatur bedréit 9,8 Grad Celsius an et falen am Duerchschnëtt pro Joer 638 Millimeter Néierschlag.

De wäermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,6 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 1,0 Grad Celsius. De meeschte Néierschlag fält am Juni mat an der Moyenne 68 Millimeter, am mannsten Néierschlag fält am Februar an am Abrëll mat an der Moyenne 41 Millimeter.

Geschicht

Schonn zu Réimerzäite war d'Stad ënner dem Numm Aquae Mattiacae bekannt.

Politik

Sëtz vun der Wiesbadener Administratioun

D'Stadtverordnetenversammlung vun der Stad Wiesbaden huet 81 Memberen. Zanter Juli 2019 ass de Gert-Uwe Mende[1] (SPD) Oberbuergermeeschter.

CDUSPDGRÜNEFDPREPLINKEBLWFWPIRATEN
2011272316040203030102
20062925100704030300
2001302808100401000

Populatioun

Den 31. Dezember 2011 hunn an der Stad Wiesbaden 278.919 Mënsche gelieft, wouvun der 46.743 Auslänner (16,9 %) waren.

Verkéier

Als zweetgréisst Stad vun Hessen huet d'Stad och verkéierstechnesch eng zentral Roll.

Den Hauptbahnhof, Architekt: Alexander Rüdell (deen och d'Gare Lëtzebuerg-Stad entworf huet).

Loftverkéier

De Fluchhafe vu Frankfurt am Main, läit 30 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat verschiddenen europäesche Stied.

Stroosseverkéier

5 Bundesstroosse gi vun der Stad aus fort: d'B54, d'B262, d'B263, d'B417 an d'B455. D'Autobunnen A3, A66, A643 an A671 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad.

Ëffentlechen Transport

Eisebunn

An der Wiesbadener Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:

Iwwer déi Linnen huet d'Gare Uschloss un d'Linn vum InterCityExpress-Netz.

Ausser der Haaptgare gëtt et nach e puer méi kleng Garen um Territoire vu Wiesbaden: déi vu Biebrich, Schierstein, Erbenheim, Igstadt, Medenbach, Mainz-Kastel a Wiesbaden-Ost.

Bussen

D'Stad Wiesbaden bedreift, mat hirer Gesellschaft ESWE, en eegent Busnetz, bei deem eng ronn 230 Bussen op 40 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken.

Kultur a Kuckeswäertes

Bauwierker

D'Marktkirche
D'Kochbrunnen

Reegelméisseg Evenementer

  • Februar / Mäerz: "Karneval"
  • Abrëll: "GoEast"
  • Mee: "Internationale Maifestspiele Wiesbaden" a "Internationales Pfingstturnier"
  • Juni: "Wilhelmstraßenfest"
  • Juli: "Schiersteiner Hafenfest"
  • August: "Rheingauer Weinwoche" a "Folklore-Festival"
  • September: "Taunusstraßenfest"
  • Oktober: "Andreasmarkt"
  • November: "exground filmfest"
  • Dezember: "Sternschnuppenmarkt".

Akafen

D'Wilhelmstraße

An der Wilhelmstraße, och nach kuerz d'Rue genannt, fënnt ee Luxuslabelen. An der Kirchgasse an an der Langgasse kann een och zu méi moderater Präisser wéi op der Wilhelmstraße akafen. Hei fënnt e vun der exzentrescher bis zur klassescher Moud bal alles.

Bekannt Wiesbadener


Panorama vun Wiesbaden


Partnerschafte mat anere Stied

Wiesbaden huet Partnerschafte mat follgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.

Geschicht

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wiesbaden – Biller, Videoen oder Audiodateien