Wikipedia:Communautéitssäit/Archiv Neies
Archiv: Neies vun der Commmunautéit
Hei ginn d'Annoncen, wat nei war, archivéiert.
(hannescht op d'Communautéitssäit)
2021
Juli 2021
De 60.000. Artikel, Pezuls, gëtt vum Les Meloures ugeluecht.
2020
Januar 2020
Konferenz iwwer Wikipedia, organiséiert vu Wikimedia Lëtzebuerg asbl an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Leideleng. E Bericht iwwer dës Konferenz steet am Leidelenger Gemengebuet # 136 - Abrëll 2020, S. 58-59
2019
November 2019
Fir d'zweet Kéier gëtt et de WikiProjet Comics, am Kader vum Benoît Majerus sengem Cours "Histoire de Bulles" an deen am WS 2019/20 am Bachelor en Cultures Européennes op der Uni Lëtzebuerg, ugebuede gëtt.
September 2019
Wikimedia Lëtzebuerg ass op der Leidelenger Kiermes 2.0 mat engem Infostand vertrueden. An engem Quiz kann ee säi Wëssen op eng spilleresch Manéier testen. All Äntwerte fënnt ee selbstverständlech op eiser Wikipedia.
D'Resultat vum Kiermes-Wikimedia Quiz op der Websäit vun der Gemeng Leideleng
Juli 2019
Wikitreffen zu Leideleng. Am Leidelenger Gemengebuet vum Juli 2019 huet Wikimedia Lëtzebuerg asbl. sech op de Säiten 43-45 virgestallt.
Mäerz 2019
Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng, wou och elo de Sëtz ass.
Onse Wikipedia-Kolleeg Astro-Jupp, fréier bekannt och als SITCK, ass gestuerwen.
2018
November 2018
Ufank vum WikiProjet Comics, am Kader vum Benoît Majerus sengem Cours "Histoire de Bulles" an deen am WS 2018/19 am Bachelor en Cultures Européennes op der Uni Lëtzebuerg, ugebuede gëtt.
De 55.000 Artikel, Anville (Moundkrater) gëtt vum Astro-Jupp geschriwwen.
Januar 2018
Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht an am Uschloss Treffe vun all de Wikipedianer.
2017
September 2017
De 50.000 Artikel, Rives de Clausen gëtt vum GilPe geschriwwen.
Mee 2017
Den 49.000. Artikel, La Rosière (Haute-Saône) gëtt vum Les Meloures geschriwwen.
Februar 2017
Den 48.000. Artikel, Nicolas Entringer gëtt vum MMFE geschriwwen.
2016
November 2016
De 47.000. Artikel, Raoul Coutard gëtt vum Johnny Chicago geschriwwen.
Juni 2016
De 46.000. Artikel, Kalininsk gëtt vum Wolverène geschriwwen.
Mee 2016
Wiki-Treffen um Juegdschlass. Dobäi waren (vu lénks no riets): Jwh, Denise Hastert, Les Meloures, Sultan Edijingo, Robby, Soued031, GilPe, Zinneke, MMFE, Cayambe, SITCK. Fazit vum Treffen
2015
Dezember 2015
De 45.000. Artikel, Canton de Villeneuvois et Villefranchois gëtt vum Les Meloures geschriwwen.
Juli 2015
De 44.000. Artikel, Heckefräsch (Zäitschrëft) gëtt vum Jamcelsus geschriwwen.
Mee 2015
Wiki-Treffen um Juegdschlass. Dobäi waren: (vu lénks no riets): Johnny Chicago, Jwh, Zinneke, Les Meloures, GilPe, MMFE, Robby, Sultan Edijingo, Cayambe, (an de Soued031, net op der Foto).Ënner anerem gouf entscheet, eng ASBL "Wikimedia Lëtzebuerg" ze schafen.
2014
Dezember 2014
Wikipedia Déi fräi Enzyklopedie ënnerschreift mat 244 aneren Organisatiounen d'Charta vum Benevolat
November 2014
Den 42.000. Artikel, Kapell Léifreg gëtt vum MMFE geschriwwen.
September 2014
De Fotoconcours Wiki Loves Monuments 2014 in Belgium and Luxembourg, iwwer klasséiert Monumenter, ass nees am Gaang (kuckt: http://www.wikilovesmonuments.be).
D'Gewënner goufen de 27. November 2014 bekannt gemaach a sinn hei ze gesinn.
Juli 2014
Déi lëtzebuergesch Wikipedia huet 10 Joer!
Mee 2014
Den 41.000. Artikel, Pierre Zimmer vum Johnny Chicago, gëtt geschriwwen.
Mäerz 2014
Wiki-Treffen am Juegdschlass
Februar 2014
Déi nei Haaptsäit ass online.
Januar 2014
Eng Projetssäit fir d'Haaptsäit opzefrësche gouf ugeluecht.
2013
Dezember 2013
Den Artikel Liart vum Les Meloures ass dee 40.000. op dëser Wikipedia.
September 2013
Och dëst Joer nees: Wiki Loves Monuments, Fotoconcours iwwer klasséiert Monumenter an der Belsch an zu Lëtzebuerg (a soss bal 50 Länner). Hei de Bilan.
Juli 2013
Den Artikel Lambertuskierch vu Grooljen vum MMFE ass deen 39.000. op dëser Wikipedia.
Mee 2013
D''Buch-Funktioun' (Extension:Collection) ass elo och op der lb-Wikipedia disponibel
Februar 2013
Wiki-Treffen am Juegdschlass.
Mat dobäi waren: Cayambe, Jamcelsus, Jwh, Les Meloures, MMFE, Robby, SITCK, Sultan Edijingo, Zinneke.
Den Artikel Michel Nicolas Muller vum Jamcelsus ass deen 38.000. op dëser Wikipedia.
2012
Dezember 2012
De Mister Science beschäftegt sech am Kader vum Pisa-Magazin "Wéi wees ee wat ee wees" mam Thema Wikipedia Ufank vun der Sendung 19:00 D'Sequenz online kucken: De Mister Science beduckst Wikipedia
September 2012
Den Artikel CR142 vum MMFE ass dee 37.000. op dëser Wikipedia.
De Fotoconcours iwwer klasséiert Monumenter, Wiki Loves Monuments, gëtt a 36 Länner uechter d'Welt organiséiert, dorënner och zu Lëtzebuerg. Bilan nom 30.9..
Mee 2012
Den Artikel Mutz vum Monomach vum Otets ass dee 36.000. op dëser Wikipedia.
Mäerz-Juni 2012
Am Kader vun 2 Seminairen op der Uni Lëtzebuerg ginn Artikelen zu Historigraphen an zu Lokalgeschicht ë. a. hei op der Wikipedia publizéiert.
Februar 2012
Den Artikel European Launcher Development Organisation vum SITCK ass dee 35.000. op dëser Wikipedia.
2011
Dezember 2011
Honnerte vu Säiten, Kategorien a Biller ginn no de Gemengewalen, an no de Fusioune vun 16 Gemengen zu 6 neien ugepasst (kuckt: Wikipedia:WikiProjet Gemengen).
Oktober 2011
De 34.000sten Artikel ass Rollainville vum Les Meloures.
September 2011
D'lb.Wiki war zu zwee Mann héich um Wikipedia-Kongress vun de Regional- a klenge Sproochen zu Nürnberg vertrueden (Resumé: Wikipedia:Kurier vum 12.09.2011).
De Wiki Loves Monuments-Fotoconcours deckt och Lëtzebuerg mat of. Jiddereen ass invitéiert, do matzemaachen.
Juni 2011
Mam Artikel VKontakte gouf deen 33.000sten Artikel op dëser Wiki geschriwwen.
Mee 2011
Am Kader vun engem Seminaire iwwer Historiographie op der Uni Lëtzebuerg goufen eng etlech Hausaarbechten zu Historiker-Biographien op dëser Wiki publizéiert.
Abrëll/Mee 2011
D'lb.Wikipedia ass mat engem Stand um Forum vum Benevolat an der City Concorde vertrueden.
Februar 2011
Zwéi gréisser Projete sinn ugelaf, bei deene jidderee bäidroe kann, mat Text a Biller:Am Kader vu Wiki Loves Monuments sämtlech klasséiert Monumenter an Objeten opzezielen, ze beschreiwen an z'illustréieren (kuckt: WikiProjet National Monumenter) an d'Lëschte vun de Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg opzefëllen, ze beschreiwen an z'illustréieren.
Mam Artikel Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Betzder gouf den 32.000sten Artikel geschriwwen
2010
Oktober 2010
Mam Artikel Thoiria gouf den 31.000sten Artikel geschriwwen.
September 2010
De Benotzer:MGA73 a säi Bot hëllefen, Lizenzschabloune bei déi Biller ze setzen, wou keng waren.
August 2010
Mam Artikel Krasnojarsk gouf den 30.000sten Artikel geschriwwen
Juni
D'Wikipedia op Lëtzebuergesch kritt en neie Look an e "geliftene" Logo.
Abrëll
Mam Artikel Oberstinzel gouf den 29.000sten Artikel geschriwwen
2009
November
Mam Artikel Helen Keller gouf den 28.000sten Artikel geschriwwen
Juni
Mam Artikel Vuelta Ciclista al País Vasco 2009 gouf de 27.000sten Artikel geschriwwen
Januar
Mam Artikel Christoph Salzmann gouf e 26.000sten Artikel geschriwwen
2008
Dezember 2008
Mam Artikel Pierre Biwer gouf e 25.000sten Artikel geschriwwen
November
Mat dem Wikimedia notification system bleiwe mir um Lafende wat et Neies bei der WikiMedia gëtt
Oktober
De Robby gëtt zum Bureaucrat gewielt.
August
Mam Artikel Willy Flener gouf e 24.000sten Artikel geschriwwen
De Robby gëtt zum Admin gewielt.
Juli
Mam Artikel T-34 gouf deen 23.000sten Artikel geschriwwen.
Juni
De Cornischong verléiert seng Administrator- a Bürokraterechter
Mee
Mam Artikel Canton d'Hazebrouck-Sud gouf deen 22.000sten Artikel geschriwwen.
Abrëll
Mam Artikel Canton d'Albi-Sud gouf deen 21.000sten Artikel geschriwwen.
Februar
Mam Artikel TSV Schwieberdingen gouf deen 20.000sten Artikel geschriwwen.
Januar 2008
D'lëtzebuergesch Wikipedia kritt eng Originalzeechnung vum Roger Leiner, de "Wiki-Sherlock" als Erkennungsbild.
2007
Dezember 2007
Mam Artikel Canton de Saint-Agrève gouf deen 19.000sten Artikel geschriwwen.
Oktober
Mam Artikel Canton de Damville gouf deen 18.000sten Artikel geschriwwen.
September
Mam Artikel Arrondissement Roanne huet d'Wikipedia op Lëtzebuergesch hire 17.500sten Artikel kritt.
August
Mam Artikel NGC 2360 huet d'Wikipedia op Lëtzebuergesch hire 17.000sten Artikel kritt.
Juli
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Aalt Egypten (Portaler)
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Réimescht Räich (Portaler)
Mam Artikel Bassurels huet d'Wikipedia op Lëtzebuergesch hire 16.000sten Artikel kritt.
Juni 2007
Jiddfereen ass häerzlech invitéiert, seng Stëmm fir d'Wahl vum Kuratorium vun der Wikimedia-Stëftung ofzeginn.
Mee 2007
Mam Artikel Escles huet d'Wikipedia op Lëtzebuergesch hire 15.000sten Artikel kritt.
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Frankräich (Portaler)
Vum 5. bis den 12. Mee ass iwwer nei Kandidate fir Administrateur ofgestëmmt ginn.
Abrëll 2007
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Europäesch Unioun (Portaler)
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Zweete Weltkrich (Portaler)
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Schwäiz (Portaler)
Mäerz 2007
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Spuenien (Portaler)
Dee 14.000sten Artikel gouf geschriwen
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Aalt Griicheland (Portaler)
Februar 2007
En neit Portal bitt eng Iwwersiicht zum Thema Stad Lëtzebuerg (Portaler)
Den 13.000sten Artikel gouf geschriwen (kuckt den Artikel)
2006
Dezember 2006
Dräi nei Portaler bidden eng Iwwersiicht zu den Theme Paräis, Wien a Franséisch Revolutioun (Portaler)
Den 12.000sten Artikel gouf geschriwen (kuckt den Artikel)
November 2006
Véier nei Portaler bidden eng Iwwersiicht zu den Themen Architektur, Astronomie, Belsch a Fotografie (Portaler)
De Riccardobot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
Den Escarbot huet an alle Kategorië vum Typ 'Gebuer' a 'Gestuerwen' tëschent dem Joer 1 an dem Joër 2006 d'Interwikilinke bäigesat
Oktober 2006
Den InterWiki Link Checker IWLC fonktionéiert elo och mat der lëtzebuergescher Wikipedia
Den Escarbot huet an alle Kategorien vum Typ 'Gebuer' tëschent dem Joer 1 an dem Joër 2006 d'Interwikilinken bäigesat
Den 11.000sten Artikel gouf geschriwwen (11.000. Artikel)
September 2006
Den JAnDbot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
Den FlaBot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
August 2006
Den InterWiki Link Checker IWLC gëtt et elo och op Lëtzebuergesch
Den Thijs!bot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
Den TuvicBot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
Juli 2006
Den 10.000sten Artikel gouf geschriwwen (10.000. Artikel)
Den Escarbot ënnerstëtzt d'Interwiki-Aarbecht (méi)
Mee 2006
Den 9.500sten Artikel gouf geschriwwen (9500. Artikel)
Abrëll 2006
Mir wënschen alle Wikipedianer frou Ouschteren (méi)
D'Këscht fir d'Kierchenartikele gouf verbessert. (méi)
Den 9.000sten Artikel gouf geschriwwen (9000. Artikel)
D'Lëtzebuerger Wikipedia presentéiert eng nei Haaptsäit (Ofstëmmung)
Mäerz 2006
Eng nei Haaptsäit fir d'Wikipedia ? (méi)
De Cornischong gëtt neie Bürokrat (méi)
D'Lëtzebuerger Wikipedia huet 8500 Artikel (8500. Artikel)
dok show n° 80 mat ë. a. engem Wikipedianer (méi)
Duerch eng Ännerung an der MediaWiki musst Dir är E-Mail Adress konfirméieren wann Dir se bei de Prefenzen uginn hutt.
D'Alexandra gëtt neien Administrator (méi)
Februar 2006
D'Lëtzebuerger Wikipedia huet 8000 Artikel (8000. Artikel)
Januar 2006
D'Lëtzebuerger Wikipedia huet 7500 Artikel (7500. Artikel)
En neie Systemmessage gouf geschaf: MediaWiki:Imagelistforuser (Link) Kuckt och: All international Annoncen op Meta (op Englesch).
(hannescht op d'Communautéitssäit)