Wikipedia:Verbesserungslëscht

Dës Verbesserungslëscht bezitt sech net op geleefeg Schreifweisfeeler, déi een och an Dictionnairen noschloe kéint, mä si regruppéiert all déi Fäll vu valabelen Alternativschreifweisen am Koiné, bei deenen eng Decisioun gefall ass zu Gonschte vun enger dovun, mat all Kéier engem kuerzen Erklärungssaz.

D'Lëscht soll deemno all Mataarbechter vun der Wikipedia d'Méiglechkeet ginn, sech z'informéiere wéi e Standard fir d'Schreifweis op der lëtzebuergescher Wikipedia gefleegt gëtt, deen iwwer dat erausgeet wat duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 30. Juli 1999 alternativ oder fakultativ och nach erlaabt wier. Donieft begrënnt se a kuerze Wierder d'Choixen déi geholl goufen, fir datt se novollzéibar ginn.

Aktuell Choixen

  • an net mee. D'Dictionnairë ginn d'Variante mä, ma, a mee un. De ass am liichtste bei Verbesserungsaarbechten erëmzefannen. A fir Mee a Mä orthographesch z'ënnerscheeden.
  • där an net deer oder deeër. cf. LOD a Grammaire Säit 119 (Demonstrativpronomen)
  • sou an net esou. cf. RTL-Emissioun vum 22. Oktober 2013 mam Alain Atten dee seet esou wier dat verlëtzebuergescht also an net d'Iwwersetzung vum däitsche Wuert so. Den [e]sou gëtt als fakultativ a verschiddenen Dictionnairë gefouert.
    • Deemno kann ech (also) "esou" benotzen, wann ech "ergo" mengen.
  • Verschidden Ofkierzunge wéi z. B. an ë. a. hunn en Espace well déi och am Däitsche sou geschriwwe ginn.
  • All Zeeche mat Punkte ginn direkt un dat lescht Wuert ugeschloss. Beispiller: Wie sot dat? - Heihin dermat!- asw.