Yann Tonnar

lëtzebuergesche Journalist, Regisseur, Produzent a Fotograf

De Yann Tonnar, gebuer de 4. Juli 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Regisseur, Produzent a Fotograf.

Yann Tonnar
Gebuer4. Juli 1975
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitFilmregisseur, Filmproduzent, Fotograf, Journalist, Reporter
Famill
Bestuet matSylvia Camarda
GeschwësterSerge Tonnar

Hien huet als Free-lance Journalist bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft, wou e Reportagë gemaach huet. Duerno huet en op der New York Film Academy eng Ausbildung gemaach.

Hie realiséiert zanterhier Clippen (Wal- a Museksclippen), Kuerzfilmer (ë. a. Pierres sonores, zesumme mam Pinuccio Sciola a Claude Lenners an Unknown Lying Object zesumme mam Claude Grosch)[1] an huet mat Weilerbach säin éischten Dokumentar-Moyen-métrage gemaach, deen am Februar 2008 am Kino erauskoum. Am Juni 2010 huet hien zesumme mam Pascal Becker en Documentaire iwwer Emigratioun mam Titel Mir wëllen net bleiwen erausbruecht.

2011 ass säin drëtten Documentaire, Schrebergaart, an d'Kinoe komm. Den 12. November 2013 hat Atelier Luxembourg, en Documentaire vun him iwwer véier Kënschtler, Première[2]. Am Februar 2014 ass säin Documentaire De Bopebistro Tour op RTL Télé Lëtzebuerg eng éischt Kéier gewise ginn.

Vun 2014 bis 2019 war hien de kënschtleresche Leeder vun den 3 Staffele vun der Serie routwäissgro.

Nodeems hien 10 Joer laang Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren an Zeenariste war[3], gouf hien am Mee 2019 President vun der Lëtzebuerger Filmakademie, eng Funktioun, déi hie vum Claude Waringo[4] iwwerholl huet.

2020 huet hie seng eege Produktiounsfirma Manufactura Pictures gegrënnt.

2022 stellt hien eng éischte Kéier eng Fotosaarbecht aus, mam Titel Statdtrand, déi zäitgläich an der Galerie Nosbaum Reding an am Luxembourg Center for Architecture (luca) gewise gëtt. D'Aarbecht weist d'Spueren déi de Mënsch ronderëm d'Grenz vun der Stad Lëtzebuerg, an der Landschaft hannerléisst. E groussen Deel vum Wierk kënnt an d'Kollektioun vum Lëtzebuerg City Museum.[5].

Hien huet och Filmkritiken am Lëtzebuerger Land geschriwwen.

Zanter dem 31. Mee 2019 ass de Yann Tonnar mat der Sylvia Camarda bestuet[6], mat där hien eng Duechter huet[7]. E puer Deeg virdru war hien och zum President vun der Lëtzebuerger Filmakademie gewielt ginn.[8]

De Yann Tonnar ass de Brudder vum Museker Serge Tonnar an de Monni vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar.

Um Spaweck

Referenzen