Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz

D'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz ass eng Verdéngschtplack, déi d'Actioun Lëtzebuergesch zanter 1984 un eng oder méi Persounen iwwerreecht, fir se fir hiren Asaz fir d'Lëtzebuergescht ze belounen. Déi eigentlech Plaquette mat den Dimensiounen 9,2×5,4 cm ass an engem breeden hëlze Kader agelooss. Si ass aus Bronze, a gëtt jee no Laureat, am Bronze, vergëllt oder versëlwert iwwerreecht. Op der Plaquette sinn, wéi den Numm et scho seet déi dräi lëtzebuergesch Dichter a Schrëftsteller Dicks, Rodange a Lentz duergestallt. Op der Récksäit ass de Logo vun der AL, d'Joreszuel vun der éischter Ausgab, d'Ursaach vun der Éierung, sou wéi den Datum vun der Iwwerreechung agravéiert. D'Plaquette gouf vun der lëtzebuergescher Medailleurskoppel Julien an Nina Lefèvre realiséiert an an den Ateliere Fibru-Fisch zu Bréissel gegoss[1].

Laureaten

Gëlle Plaquette

1989Henri Rinnenfir säin Asaz op ville Pläng an der AL
2003Lex Rothfir säin onermiddlechen Asaz, op alle Pläng, fir eis Sprooch
2012René Faberfir seng Verdéngschter als Grënnungsmember a laangjärege President vun der AL
2021Alain Attenfir säi ganzt Wierk a seng Verdéngschter iwwer a fir eis Sprooch

Sëlwer Plaquette

1984Pierre WernerFir Lëtzebuergesch als Nationalsprooch am Gesetz ze verankeren
Robert Kriepsfir Koherenz am Geschriwwenen eranzebréngen duerch den Arrêté fir d'Orthographie
1985Tit Schroederals Lyriker an Auteur vu villen Theaterstécker
1986Chrétien Clementals Dichter
Lily Undenfir Lëtzebuerger Konscht
1987Will Flenerfir seng Essayen, Theaterstécker a Bicher
1988Pir Kremerfir säi Stamminee um Radio, d'Revuen am Theater a seng aner Wierker
1989Will Reulandfir säin Asaz beim Dictionnaire a säi Gesamtwierk fir d'Sprooch
1990Norbert Weberdee se aus perséinleche Grënn net wollt behalen a se zeréckgeschéckt huet
1991René Kartheiserfir säi Wierk an eiser Sprooch
1992Néckel Kremerals Resistenzler an Auteur vu fënnef Bicher an deem Kontext
1993Paul Leeschfir seng Sproochinitiativen am Cactus
1994Jean Hengenfir eis Sprooch an der Kierch
Fernand Franck
1995Ger Schlechterfir seng intressant Emissioune ronderëm den Alter an eis Sprooch
Pe'l Schlechterfir säi Wierk a Lëtzebuerger Sprooch
1996Pol Greischals Auteur vu Bicher an Theaterstécker
1997Alain Attenals Spezialist vun eiser Sprooch
1998Josy Braunfir säi Wierk a seng Impulser an der Orthographie
1999Aloyse Rathsfir d'Schreifweis op eng exemplaresch Fassong un d'Schoulmeeschtesch-Studente bruecht ze hunn
2000Norbert Stompfir den Direkter vum Natur musée a seng Mataarbechter
2001Henri vu Lëtzebuergfir den exemplareschen Asaz fir Lëtzebuerg heibannen an dobaussen
Maria Teresa Mestre
2002Jeanine Theis-Kauthfir hiert Wierk als Auteur vu Spréchelcher Geschichten a Gedichter
2004Fernand Lorangfir seng Verdéngschter ëm eis Sprooch, apaart am Minett
2005Germaine Goetzingerfir den 10. Gebuertsdag vum CNL a fir hiren Asaz
2007Emil Angelfir seng Verdéngschter fir eis Sprooch a Bicher an an der Press
2008Patrice Schonckertfir d'Opschaffe vun de Lëtzebuerger Flouer- a Stroossennimm
2009Claude Bachefir den Evangeliar op Lëtzebuergesch
Fränz Biver
Jeannot Gillen
Carine Hensgen
2010Pol Pützals Literat, Revuë-Schreiwert a Léiermeeschter
2014Christiane Ehlingerfir hir Verdéngschter, Lëtzebuergesch als Schreifsprooch ze benotzen a virun allem Kannerbicher op Lëtzebuergesch
2017Gemeng Walferals Initiator vun de Walfer Bicherdeeg wou ons Sprooch eng gutt Plaz huet
2018Mil Goerensfir säi Wierk a besonnesch déi dräi Bänn Eiser Soen
2019Jérôme Lullingfir säi Wierk an der Sprooch an iwwer d'Sprooch
2021Wikimedia Lëtzebuerg a.s.b.l.fir hir sëllegen Artikelen op Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch.
2022Jean Kandelfir séng Verdéngschter ëm d'Lidder a Lëtzebuerger Sprooch

Bronze Plaquette

2022Clara Morarufir hiren Asaz fir eis Sprooch.

Referenzen