Éischte Vatikanesche Konzil

Den Éische Vatikanesche Konzil (Vaticanum I) gouf vum Poopst Pius IX. aberuff. E gouf zu Roum am Vatikan ofgehalen an huet vum 8. Dezember 1869 bis den 20. Oktober 1870 gedauert. Duerch de Franséisch-Preisesche Krich ass d'Konzil ënnerbrach an op onbestëmmt Zäit vertagt ginn.

Dëst Konzil ass besonnesch doduerch bekannt, well do d'Dogma vun der peepstlecher Onfeelbarkeet proklaméiert huet[1]. Doropshi kënnt et zu engem Schisma an d'Altkatholiken entstinn, si leegnen dëst Dogma.

De Lëtzebuerger Bëschof Nicolas Adames huet, als ee vu 744 Bëscheef, un dësem Konzil deelgeholl.

Referenzen