(5261) Eureka

Asteroid


Den (5261) Eureka gouf den 20. Juni 1990 vum David H. Levy an dem Henry E. Holt entdeckt. Et war deen éischte bekannten Asteroid aus der Grupp vun de Mars-Trojaner.

(5261) Eureka
Eegenschafte vum Orbit
OrbittypMars-Trojaner (L5)
BezuchspositiounEquinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs1,5235 A.E.
Exzentrizitéit0,06470
Sideresch Ëmlafzäit1,88 Joer
Mëttel Bunnvitess24,13 km/s
Inklinatioun20,2816 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser2 km
Rotatiounsperiod6,497 Stonnen
Albedo0,050
Absolut Hellegkeet16,1
SpektralklassSr
Entdeckung
EntdeckerDavid H. Levy, Henry E. Holt
Entdeckungsdatum20. Juni 1990
PlazPalomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen1990 MB

Den 2 km groussen Eureka leeft op dem Lagrange-Punkt L5 vun der Marsbunn ëm eis Sonn. De Perihel-Ofstand ass 1,4250 AE, den Aphel-Ofstand 1,6220 AE. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,06470 op an ass mat 20,2816° staark géint d'Ekliptik gebéit.

Den Numm leet sech vun „Heureka“ (griichesch: „ech hunn et fonnt“) of, dat den Archimedes gesot soll hunn, wéi hien de Prinzip vum Opdriff erkannt hat.

Kuckt och

Portal Astronomie