Bunnelement

Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.

6 Bunnelementer a, e, i, Ω, ω, T leeën d'Satellittebunn am Raum fest.

Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.

D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.

Elementer

D'Beschreiwung vun der Bunnkurv-Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:

Doraus ofgeleet ginn:

Lagelementer

D'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:

  • D'Inklinatioun i: Dat ass de Wénkel vum Orbitalplang zu der Referenzfläch.
  • D'Argument vum Knuet (Knuetlängt) Ω: De Wénkel vum Koordinatennullpunkt vun der Referenzfläch zum opsteigende Knuet.
  • D'Argument vum Periapsis ω: De Wénkel vum opsteigende Knuet zu Periapsis.


Zäitbezuch

Den Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:

  • Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:

Abgeleete Gréisste

  • Mëttel Beweegung n: mëttelst Wénkelvitesse vun der mëttleren Anomalie M

Donnéeë vu Bunnelementer

D'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer.[1]Donieft gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:

  • (a, e, i, Ω, ω, T), eng besonnesch fir d'Koméiten an d'Planéite vum Sonnesystem gëeegent Method
  • (a, e, i, Ω, ω, M), fir de Pluto an d'Asteroiden, wéi se den Astronomical Almanac gebraucht[2]
  • (a, e, i, Ω, π, L) gëtt ongeféier d'Planéitentheorie VSOP 82 op indirektem Wee.
  • (n, e, i, Ω, ω, M), d'System vum NASA/NORAD Two Line Elements Format fir kënschlech Äerdsatellitten

Iwwersiicht

BunnelementNëtzlechkeet
BunnelementBezuchSymbolDimensiounEllipsParabel / Hyperbel
ExzentrizitéitForme, ε1JoJo
ExzentrizitéitswénkelFormΦ1JoNee
HallefparameterGréisstpLängtJoJo
PeriapsisGréisstqLängtJoJo
Grouss HallefachsGréissta, αLängtJoNee
InklinatiounLagiWénkelJoJo
Argument vum KnuetLagΩWénkelJodeelweis
Argument vun der PeriapsisLagωWénkelJoJo
Mëttel BeweegungZäitverhalenμ, n, V1 / ZäitJoJo
WénkelvitesseZäit-Plazverhalen
Wénkel / ZäitJoJo
Mëttel AnomalieBunnplazMWénkelJoNee
Mëttel LängtBunnplazλ, LWénkelJoNee
RadiusvektorBunnplazRLängtJoJo
ËmlafperiodZäitbezuchPZäitJoNee
PeriapsiszäitZäitbezuchT, τZäitJoJo

Literatur

  • Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4
  • Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 55–102 (Websäit vum Astronomesche Büro, 3.Feb.2011)
  • Jean Meeus: Astronomical Algorithms. Willmann-Bell, Richmond 1991, ISBN 0-943396-35-2

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen