(719) Albert

Asteroid

De (719) Albert ass en Asteroid vum Amortyp, enger Grupp vun Asteroiden, deenen hir Bunnen d'Äerdbunn kräize kënnen.

(719) Albert
Eegenschafte vum Orbit
OrbittypAmor-Asteroid
BezuchspositiounEquinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs2.627 A.E.
Exzentrizitéit0.5528
Sideresch Ëmlafzäit4 a 95 d
Mëttel Bunnvitess16,9 km/s
Inklinatioun11.56 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser2 bis 4 km
Mass1,4 • 1013kg
Mëttel Dicht2,0 g/cm3
Rotatiounsperiod5,8 h
Absolut Hellegkeet15,8M
SpektralklassS Bus-DeMeo
Entdeckung
EntdeckerJ. Palisa
Entdeckungsdatum3. Oktober 1911
PlazUniversitéitsobservatoire Wien
Aner Bezeechnungen1911 MT, 2000 JW8


Den Albert gouf schonn den 3. Oktober 1911 vum Johann Palisa um Universitéitsobservatoire Wien entdeckt. Den Asteroid gouf zu Éiere vum Baron Albert Freiherr von Rothschild, engem Sponsor vum Observatoire, genannt.

Den Asteroid goung allerdéngs nees verluer a konnt eréischt am Joer 2000 vum Spacewatch- Wëssenschaftlerteam vun der Universitéit vun Arizona erëmfonnt ginn. Seng Gréisst gëtt op zwéi bis véier Kilometer geschat.

Den Albert kënnt ongeféier all 30 Joer an d'Geigend vun der Äerd a kann dobäi bis op 30 Millioune Kilometer erukommen.

Kuckt och

Portal Astronomie