1931

Joer

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1931.

D'Joer 1931 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.

Evenementer

Gedrécks virun enger Spuerkeess zu Berlin: Héichpunkt vun der Weltwirtschaftskris an Däitschland

.

Op der Plaça Sant Jaume zu Barcelona gëtt déi Zweet Spuenesch Republik ausgeruff.

Europa

  • 1931/1932: D'Wirtschaftskris an Däitschland ass op hirem Héichpunkt. Et gëtt 70.000 Faillitten a 6 Millioune Leit ouni Aarbecht.
  • 14. Abrëll: A Spuenie gëtt déi Zweet Spuenesch Republik ausgeruff, de Kinnek Alfonso XIII. geet an den Exil.
  • 13. Mee: De Paul Doumer gëtt neie franséische Staatspresident.
  • 31. Juli: No de Parlamentswale vum 28. Juni, bei deenen d'Republikaner an d'Sozialisten d'Majoritéit kruten, gëtt den Alcalá Zamora neie Ministerpresident a Spuenien.
  • 24. August: De Grof Gyula Károlyi gëtt neie Premierminister an Ungarn (bis Okt. 1932).
  • 24. August: De Ramsay MacDonald gëtt neie Premierminister a Groussbritannien (bis 1935).
  • 21. September: Déi brittesch Regierung, déi kuerz virun der Staatsfaillite steet, entbënnt de Wäert vum Pond Sterling vun deem vum Gold; d'Pond verléiert 30 % u Wäert, ma déi brittesch Wirtschaft gëtt nees méi kompetitiv.
  • 21. Oktober: Nom Récktrëtt vum Alcalá Zamora gëtt de Manuel Azaña neie spuenesche Ministerpresident.
  • 11. Dezember: D'brittescht Parlament hëlt de Statut vu Westminster un, mat deem d'Dominions am British Commonwealth of Nations eng wäit legislativ Autonomie kréien. Kanada, Australien, Neiséiland, Südafrika, Neifundland (zënter 1949 Deel vu Kanada) an den Iresche Fräistaat (méi spéit: Republik Irland) gi souverän Staaten.
    10. Dezember: Den Niceto Alcalá Zamora gëtt zum President vun der Spuenescher Republik gewielt.

Afrika

Amerika

Den Empire State Building

USA

Südamerika

Asien

  • Juli-August: Héichwaasserkatastroph vum Yangtze-Floss a China: Honnertdausende vun Doudesaffer (tëscht 145.000 a 4 Milliounen).
  • 18. September: Japan marschéiert an der Mandschurei (China) an a besetzt se bis Ufank 1932 (Mandschurei-Kris).

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Kino

Molerei

Literatur

Musek

Wëssenschaft an Technik

Sport

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1931 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen