Abidjan

Stad an der Elfebeeküst

Abidjan ass eng Aglomeratioun vun 10 Gemengen oder Stied an der Côte d'Ivoire, déi um Golf vu Guinea läit, an der Ébrié-Lagun, op der Mëndung vun de Flëss Agnébi, Mé a Comoé.

Abidjan
LandElfebeeküst
VewaltungseenheetDistrikt Abidjan
Awunner4.980.000
 2016
Fläch422
Héicht18 m
Koordinaten05° 21’ 32.65’’ N
      04° 00’ 35.92’’ W
Telefonszon00225
WebsäitAbidjan-Distrikt

Abidjan war tëschent 1933 an 1983 d'Haaptstad vum Land. 2002 goufen aus 10 Arrondissementer selbstänneg Gemengen, déi als Abidjan Ville zesummegefaasst goufen an déi mat 4 Ënnerprefecturen den Distrikt Abidjan forméieren. Wann d'ursprénglech Stad Abidjan 1950 nach 65.000 Awunner hat, sou waren et der fir d'Agglomeratioun 2014 4.395.243.

Zu Abidjan ass e Mierhafen mat engem Containerterminal an en internationale Fluchhafen.

Gemengen

  • Abobo
  • Adjamé
  • Attécoubé
  • Cocody:
  • Koumassi
  • Marcory
  • Plateau
  • Port-Bouët
  • Treichville
  • Yopougon

Geschicht

Abidjan gouf 1886 gegrënnt a gouf 1933 d'Haaptstad vun der deemoleger franséischer Kolonie Franséisch-Westafrika. 1983 gouf Yamoussoukro vum deemolege Staatspresident Félix Houphouët-Boigny als nei Haaptstad deklaréiert.

Um Spaweck

Commons: Abidjan – Biller, Videoen oder Audiodateien