Aldo Moro
italieenesche Politiker
Den Aldo Moro, gebuer den 23. September 1916 zu Maglie (Lecce) a gestuerwen den 9. Mee 1978 zu Roum, war en italieenesche Politiker.
Aldo Moro | |
---|---|
Gebuer | 23. September 1916 Maglie |
Gestuerwen | 9. Mee 1978 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Professer |
Partei | Democrazia Cristiana |
De Jurist Aldo Moro war als Deputéierte vun der Democrazia Cristiana vun 1948 un am italieenesche Parlament. Hie war Justizminister (1955-1957) an Unterrechtsminister (1957-1959), duerno Generalsekretär vu senger Partei (1959-1964) an Ausseminister (1969-1972 an 1973-1974). Ministerpresident vun Italie war hie vun 1963-1968 a vun 1974-1976.
Den Aldo Moro, deen dem lénke Flillek vu senger Partei zougerechent gouf, gouf den 13. Mäerz 1978 vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert an ass no 8 Wochen erschoss opfonnt ginn.
Gielercher
- Grand-croix vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1970)[1]
Um Spaweck
Commons: Aldo Moro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Spiegel Online Eng Artikelsammlung iwwer den Aldo Moro
Referenzen
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake