Azoren

Grupp vun Atlantikinselen

D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huerinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch vu klenge portugiseschen Atlantikinselen. Se leien 1.369 km westlech vum europäesche Festland. Bis an Nordamerika (Neifundland a Labrador a Kanada) sinn et 1.930 km. D'Inselen hunn zesummen eng Fläch vu ronn 2.330 Quadratkilometer (eppes Klengs manner wéi Lëtzebuerg). São Miguel ass d'Haaptinsel.

Azoren
(pt: Ilhas dos Açores)
Geographie
LandPortugal
Läit an/amNordatlantik
Koordinaten38°37'26,40000"N, 28°1'51,60000"W
Fläch2.322 km²
Héchste PunktMontanha do Pico ()
Verwaltung
VerwaltungseenheetPortugal
HaaptuertPonta Delgada (Exekutiv), Angra do Heroísmo (Judikativ), Horta (Legislativ)
Demographie
Awunner236.440
Awunnerdatum2021
Aner Informatiounen
ZäitzonUTC−1, UTC±0
WärungEuro
Internat. Telefonsprefix+351 (292)
Fändel vun den Azoren

D'Azore sinn administrativ eng autonom Regioun vu Portugal, d'Região Autónoma dos Açores, an domat en Deel vun der Europäescher Unioun. Ronn 250.000 Leit wunnen do. Geologesch gehéiere se zum Mëttelatlantesche Réck, op der Plackegrenz tëscht der Europäescher an der Afrikanescher Kontinentalplack. Déi westlechst Insele Flores a Corvo gehéieren zu der Nordamerikanescher Plack.

Inselen

Déi 9 gréisst Insele ginn an dräi Gruppe gedeelt:

  • Grupo Ocidental (nordwestlech Grupp): Corvo a Flores.
  • Grupo Central (zentral Grupp): Faial mat der Inselhaaptstad Horta, Pico, São Jorge, Graciosa an Terceira.
  • Grupo Oriental (südëstlech Grupp): Santa Maria, d'Formigas, eng onbewunnt Inselgrupp, a São Miguel, déi gréisst Insel, där hir Haaptstad Ponta Delgada och d'Haaptstad vum ganzen Archipel ass.

De Vulkan Ponta do Pico op der Insel Pico ass mat 2.351 m den héchste Bierg vu Portugal.

Alleguer d'Insele hu vulkanesch Originnen.

Natur

Wéinst hirer isoléierter Lag gëtt et op den Azoren eng 70 endeemesch Planzenaarten. Wéinst dem fiichte Klima gëtt et eng üppeg Vegetatioun.

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Administratioun

D'Região Autónoma dos Açores, ass an 19 Gemengen (pt: municípios) opgedeelt:

  • Angra do Heroísmo
  • Calheta
  • Corvo
  • Horta
  • Lagoa
  • Lajes das Flores
  • Lajes do Pico
  • Madalena
  • Nordeste
  • Ponta Delgada
  • Povoação
  • Praia da Vitória
  • Ribeira Grande
  • Santa Cruz da Graciosa
  • Santa Cruz das Flores
  • São Roque do Pico
  • Velas
  • Vila do Porto
  • Vila Franca do Campo

Klima

D'Azoren hunn en ozeanesch-subtropescht Klima, mat limitéierte saisonalen Temperaturvariatiounen. Zu Angra do Heroísmo sinn déi maximal Temperaturen allgemeng tëscht 16 °C am Wanter a 25 °C am Summer. D'Temperatur klëmmt seelen iwwer 25 °C, an den Hëtztrekord läit bei 29 °C am Juli 2003. De Volume vum duerchschnëttleche järlechen Nidderschlag klëmmt vun Ost no West a variéiert tëscht 700 bis 1.600 mm an engem Joer. Um Montanha do Pico - mat 2.351 m den héchste Bierg a Portugal - kann e bis zu 6.300 mm erreechen.

Den Archipel huet säin Numm dem Antizyklon vun den Azore ginn, engem Gebitt mat héijem Atmosphärendrock[1].

Ekonomie

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

Commons: Azoren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen