Biissen

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Biissen
(Virugeleet vu(n) Bissen)

Biissen ass eng Uertschaft am Zentrum vu Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Miersch.

Biissen
Biissen vum Wobierg aus gesinn (2008)
An anere Sproochenfr: Bissen
de: Bissen
Land Lëtzebuerg
KantonMiersch
Gemeng Biissen
BuergermeeschterDavid Viaggi
Awunner3.405
 1. Januar 2023
Koordinaten49° 47’ 21’’ N
      06° 03’ 49’’ O

Hydrographie

D'Uertschaft läit am Atertdall, an um Territoire vun der Uertschaft hunn d'Bussbaach an d'Helmeschbaach hir Quell.

Geschicht

Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm "Bisiceromarkun"[1] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.

Bevëlkerung

DatumAwunnerDatumAwunnerDatumAwunnerDatumAwunner
01.01.20002.53801.01.20012.59701.01.20022.59301.01.20032.581
01.01.20042.59601.01.20052.60201.01.20062.61601.01.20072.737
01.01.20082.77801.01.20092.80501.01.20102.87101.01.20112.874
01.01.20122.879

Bekannt Leit vu Biissen

Kuckeswäertes

D'Bisser Millen, d'Atert an de Milleweier.

Literatur

  • Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), Bissen seit eh und je. Band 1 (2001) (525 S.) an 2 (2002) (567 S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen