Björk Guðmundsdóttir

islännesch Sängerin
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Björk Guðmundsdóttir [ ˈpjœr̥k ˈkvʏðmʏntsˌtoʊhtɪr ], gebuer den 21. November 1965 zu Reykjavík, ass eng islännesch Sängerin a Songwriterin. Si war Lead-Sängerin vun der fréierer alternativer Rockband The Sugarcubes, ier se 1993 eng Solo-Karriär ënner dem Numm Björk ugefaangen huet.

Björk Guðmundsdóttir
Gebuer21. November 1965
Reykjavík
NationalitéitIsland
AktivitéitKomponist, Schauspiller, Sänger, Museksproduzent, Arrangeur, Dichter, Schrëftsteller, Liddermécher, Filmkomponist, Museker

Hir Stécker reechen iwwer e wäite Spekrum vu Musek-Genren, vu Pop, iwwer Jazz, Alternative Rock, Folk, bis hin zu elektronescher a klassescher Musek. Bis 2012 hat d'Björk eng 20 Milliounen Albume verkaf.

D'Björk huet och an e puer Filmer matgespillt, ë. a. hat si d'Haaptroll am Lars von Trier sengem Film Dancer in the Dark (2000).

Um Spaweck

Commons: Björk Guðmundsdóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien