Borut Pahor

sloweenesche Politiker

De Borut Pahor, gebuer den 2. November 1963 zu Postojna, ass e sloweenesche Politiker.

Borut Pahor
Gebuer2. November 1963
NationalitéitSlowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
EducatiounUniversitéit vu Ljubljana,
Nova Gorica Grammar School
AktivitéitPolitiker, Politolog
Member vunParlamentaresch Versammlung vum Europarot

Hie war vum November 2009 bis den 10. Februar 2012 Ministerpresident vu Slowenien. Zanter dem 2. Dezember 2012 ass hie Staatspresident vum Land.

De Pahor huet op der Universitéit vu Ljubljana Politologie an international Bezéiunge studéiert. Tëscht 1990 an 1992 war hie Member vum sloweenesche Parlament, an 2004-2009 vum Europaparlament.

Hien ass President vun der sloweenescher sozialdemokratescher Partei.

Um Spaweck

Commons: Borut Pahor – Biller, Videoen oder Audiodateien