Centre hospitalier neuropsychiatrique

De Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP) zu Ettelbréck ass en ëffentlecht Etablissement an dat gréisst psychiatrescht Spidol zu Lëtzebuerg. Et gouf duerch d'Gesetz vum 17. Abrëll 1998, dat den 1. Januar 1999 a Kraaft getrueden ass, gegrënnt[1].

Centre hospitalier neuropsychiatrique
Den CHNP
TypËffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum17.04.1998
Sëtz17, Avenue des Alliés
L - 9012 Ettelbréck
LeedungMichel Nathan (President CA)
Mark Ritzen (Generaldirekter)
Homepagewww.chnp.lu

Bei der Grënnung gouf dem Centre d'Gestioun vum Hôpital neuropsychiatrique de l'État vun Ettelbréck, vum Centre thérapeutique pour malades d'alcoolisme vun Useldeng a vum Centre thérapeutique pour toxicomanes vu Manternach iwwerdroen. Dobäi goungen och déi Staatsproprietéiten déi zu deenen Etablissementer gehéiert hunn an de Besëtz vum Centre.

Virgeschicht

Et gouf 1855 als hospice central gegrënnt an an enger fréierer Kasär ënnerbruecht[2]. Am Ufank waren do all Forme vu marginaliséierte Mënschen agespaart. Am arrêté grand-ducal vun 1855 steet, datt den hospice central fir « les indigents invalides et les aliénés » geduecht war[3]. 1901 gouf et dunn eng reng psychiatresch Institutioun (Maison de santé).

1931 gouf deen éischten oppene Service opgemaach. 1974 gouf aus der Maison de Santé den Hôpital neuropsychiatrique de l'État, den 1. Januar 1999[1] krut d'Institutioun dunn den haitegen Numm.

2005 gouf den CHNP an dräi Unitéiten opgedeelt: eng psychiatresch Rehaklinik, en Zentrum fir al Leit an en Zentrum fir Leit mat engem mentalen Handicap[4].

Zuel vun de Patienten

1856190019541960
56423771885

Administratioun

Den CHNP gëtt vun engem Verwaltungsrot vu 14 Membere geréiert. Aacht Membere gi vum Gesondheetsminister genannt, zwee vum Personal mandatéiert (ee Medezinner an een anere Mataarbechter), zwee Membere si vum Conseil médical an zwee vun der Personaldelegatioun[5].

Verwaltungsrot vum CHNP
PeriodPresident
......
01.06.2018-13.06.2022Michel Nathan
Direktioun vum CHNP
PeriodDirekter
1855-1883Claude Müller
1883-1904Adolphe Buffet
1904-1929Lucien Buffet
1930-1946Albert Hansen
1946- ?Ernest Stumper
......
?-2006Jean-Marie Spautz
2006-2007Marc Graas (kommissaresch)
2007-2011Jo Joosten
2011-Marc Graas
20??-Mark Ritzen

Bibliographie

  • Maison de Santé - Ettelbruck (1855-1955), Luxembourg, Bourg-Bourger, 1955.
  • Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique: 150 Joër (1855-2005), Ettelbréck, CHNP, 2005.
  • Majerus J.-M., "Das Centre hospitalier neuro-psychiatrique", H. Willems, G. Rotink, D. Ferring, J. Schoos, M. Majerus, N. Ewen, M.A. Rodesch-Hengesch an C. Schmit (dir.), Handbuch der sozialen und erzieherischen Arbeit in Luxemburg, Lëtzebuerg, Saint-Paul, 2009, p. 113‑125.

Filmographie

Um Spaweck

Commons: Centre hospitalier neuro-psychiatrique CHNP – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten