Chambre des salariés Luxembourg
D'Chambre des salariés Luxembourg (och alt Salariatskummer[1]) ass zu Lëtzebuerg d'Beruffschamber, déi d'Intresse vun ongeféier 530.000 Salariéë[2] vum Privatsecteur vertrëtt. Se ass 2008 aus dem Zesummeschloss vun der Aarbechterkummer mat der Privatbeamtekummer entstanen. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Chambre des salariés Luxembourg (Salariatskummer) | |
---|---|
De Sëtz vun der Salariatskummer um Verluerekascht | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 13.05.2008 |
Sëtz | 18, rue Auguste Lumière L-1950 Lëtzebuerg |
Leedung | Nora Back (Presidentin) Sylvain Hoffmann (Direkter) |
Branche | Beruffschamber |
Homepage | www.csl.lu |
Historique
Mam Gesetz vum 4. Abrëll 1924[3] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et si fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou hunn deemools och d'Chambre de travail an d'Chambre des employés privés gehéiert. Op der Säit vum Salariat war déi éischt fir d'Aarbechter an déi zweet fir d'Privatbeamten zoustänneg.
No Tripartite-Gespréicher si sech d'Regierung an d'Sozialpartner am Abrëll 2006 eens gi fir de Statut vun de Privatbeamten ((fr) « employés privés ») mat deem vun den Aarbechter ((fr) « ouvrier ») zesummenzeschloen a fir en Eenheetsstatut ((fr) « statut unique ») fir all Salariéen aus dem Privatsecteur anzeféieren.
Den 1. Januar 2009 koum et op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféierung vum Eenheetsstatut fir Salariéeën am Privatsecteur[4] zu enger Fusioun vun der Chambre de travail mat der Chambre des employés privés aus där d'Chambre des salariés ervirgaangen ass.
Organisatioun
All Salarié a Pensionnaire aus dem private Secteur, grad ewéi d'Personal vun der CFL, sinn - onofhängeg vun hirer Nationalitéit oder vun hirem Wunnuert - automatesch Member vun der Salariatskummer.
Aus am Ganzen 9 Beruffsgruppen déi déi verschidden Aktivitéite representéieren, stëmmen d'Salariéen all fënnef Joer 60 Vertrieder fir an d'Salariatskummer. D'Kandidatelëschte ginn haaptsächlech vun de Gewerkschaften opgestallt.
Zesummesetzung
No de Sozialwale vum Mäerz 2019 setzt d'Chambre des Salariés sech esou zesumme[5]:
Gewerkschaft | Sëtz 2019 | Differenz zu 2013 |
---|---|---|
Aleba | 4 | 0 |
Landesverband | 2 | 0 |
LCGB | 18 | + 3 |
OGBL | 35 | - 3 |
Syprolux | 1 | 0 |
Verdeelung no Beruffsgruppen
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |