Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei

politesch Partei zu Lëtzebuerg
CSV ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner CSV (Homonymie)

D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei[1] (kuerz: CSV) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
OfkierzungCSV
PresidentLuc Frieden
VizepresidentinnenMartine Hansen
Christian Weis
GeneralsekretärAlex Donnersbach
Françoise Kemp
TresorierThierry Schuman
GegrënntDezember 1944 (modern)
16. Januar 1914 (historesch)
Parteizentral4, Waassergaass
L-1449 Lëtzebuerg
JugendorganisatiounChrëschtlech-Sozial Jugend
FraenorganisatiounChrëschtlech-Sozial Fraen
IdeologieChrëschtlech Demokratie
Konservatismus
Politesch PositiounMëtt-riets
Europäesch AffiliatiounEVP
International AffiliatiounChrëschtlech Demokratesch International
Europäesch ParlamentsgruppEVP
FaarfOrange
SloganKloer, no & gerecht
Chamber
21/60 Sëtz
Europaparlament
2/6 Sëtz
Websäit
https://csv.lu/

Geschicht

Am Dezember 1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, huet sech déi fréier konservativ Rietspartei nei constituéiert an a Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) ëmbenannt. Dofir gëllt dacks als hire Grënnungsdatum dee vun der Rietspartei: de 16. Januar 1914.[2],[3]Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 krut d'CSV 25 vun 51 Sëtz.

Bis 1974 war d'CSV an engem Stéck, a Koalitioun meeschtens mat der DP, mä och alt mat der LSAP, an der Regierung. 1974 bis 1979 war se eng éischt Kéier an der Oppositioun. Duerno war se nees 34 Joer den Haapt-Koalitiounspartner an de sukzessive Regierunge mat haaptsächlech der LSAP, 1979-1984 an 1999-2004 och der DP, als Partner. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 koum et fir d'zweet nom Zweete Weltkrich zu enger Koalitioun ouni d'CSV. Eréischt bei de Wale vum 8. Oktober 2023 huet d'Resultat nees eng Regierung ervirbruecht, an där d'CSV (Haapt)koalitiounspartner war.

Parteipresidenten

  1. Émile Reuter (1945 - 1964)
  2. Tony Biever (1964 - 1965)
  3. Jean Dupong (1965 - 1972)
  4. Nicolas Mosar (1972 - 1974)
  5. Jacques Santer (1974 - 1982)
  6. Jean Spautz (1982 - 1990)
  7. Jean-Claude Juncker (1990 - 1995)
  8. Erna Hennicot-Schoepges (1995 - 2003)
  9. François Biltgen (2003 - 2009)
  10. Michel Wolter (2009 - 2014)
  11. Marc Spautz (2014 - 2019)
  12. Frank Engel (2019 - 2021)
  13. Claude Wiseler (2021 - 2022)
  14. Claude Wiseler (2022 - 2023[4]) Elisabeth Margue (2022 - 2024)
  15. Luc Frieden (zanter 2024[5])

Generalsekretären

Presidente vun der CSV-Chamberfraktioun

Sëtz an der Chamber

Sëtz vun der CSV an der Chamber
1945-2023
JoerSëtzvun am Ganzen
19452551
...
19542652
19592152
19642256
19682156
19741859
19792459
19842564
19892260
19942160
19991960
20042460
20092660
20132360
20182160
20232160

Memberen

Eegenen Aussoen no huet d'CSV 10.303 Memberen (Stand 30/09/2014), dovu sinn 3.653 Fraen (35,5 %) a 6.650 Männer (64,5 %). 9 % vun de Membere hu bis 33 Joer, 54,5% sinn tëscht 33 a 65 Joer al, a 36,5 % hunn iwwer 65 Joer.[6]

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Literatur

  • Schaus, Émile, 1974. Ursprung und Leistung einer Partei: Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974. Luxemburg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Luxemburger Wort vum 16. Januar 2014, S. 2-4: Von der Widerstands- zur Volkspartei (Heute vor 100 Jahren wurde die Vorläuferpartei der CSV gegründet)

Kuckt och

Lëscht vun de lëtzebuergesche RegierungsmemberenTransportministerenJustizministerenKommunikatiounsministerenChamberpresidentenDeputéiert an der ChamberDeputéiert am EuropaparlementLëtzebuergesch Membere vun der Europäescher KommissiounBuergermeeschterenADRCSVDéi GréngDéi LénkDPKPLLSAPPIDPiratepartei

Um Spaweck

Commons: Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen