Luc Frieden

lëtzebuergesche Jurist, Manager a Premierminister

De Luc Frieden gebuer de 16. September 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Jurist, Manager a Politiker (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass hie Premierminister vu Lëtzebuerg.

Luc Frieden
Gebuer16. September 1963
Esch-Uelzecht
NationalitéitLëtzebuerg
EducatiounUniversitéit vu Lëtzebuerg,
Stater Kolléisch
AktivitéitPolitiker, Universitéitsprofesser, Affekot
ParteiCSV

Karriär

No senger Première am Kolléisch, 1982, huet de Luc Frieden Handelsrecht um Cours an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis studéiert, wouran en 1986 eng Maîtrise gemaach huet. 1987 gouf hie Master of Comparative Law and Legal Philosophy op der Universitéit vu Cambridge (Groussbritannien) an 1988 Master of Laws op der Harvard Law School an Amerika. Niewelaanscht ass hien och nach a Coursen op der John F. Kennedy School of Government gaangen.Tëscht 1989 an 1998 war de Luc Frieden Affekot um Stater Barreau, huet lëtzebuergeschen Droit um Cours an der Stad enseignéiert an Artikelen iwwer Bankerecht a Verfassungsrecht verëffentlecht. Tëscht 1981 an 1994 war hie fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, wou en iwwer juristesch an aussepolitesch Theeme geschwat huet.

Politesch Karriär

Vun 1994 bis 1998, an dann nees vun 2013 bis 2014 war de Luc Frieden Deputéierte fir d'CSV-Fraktioun an der Chamber. De 4. Februar 1998 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Poos Minister fir Justiz, Budget a Bezéiunge mam Parlament ze ginn, och zoustänneg fir d'Modalitéite vum Aféiere vum Euro zu Lëtzebuerg.

De 7. August 1999 gouf hien, an der Regierung Juncker-Polfer op en Neits Justiz- a Budgetsminister, a war och zoustänneg fir d'Bezéiunge mat der Chamber. An der Regierung Juncker-Asselborn I war de Luc Frieden vun 2004 bis 2009 och nees Minister fir Justiz an de Budget an zousätzlech, bis den 22. Februar 2006, Minister fir d'Verdeedegung. An der Regierung Juncker-Asselborn II war hie vum 23. Juli 2009 bis den 21. Oktober 2013 Minister fir Finanzen a fir de Budget. Vum 20. Abrëll 2013 u war hien zousätzlech Minister fir Kommunikatioun a Medien an där Regierung[1].

Karriär an der Wirtschaft

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war de Luc Frieden, bis September 2014, nees Deputéierten. Hien ass dunn zeréckgetrueden, fir Vice Chairman vum Deutsche Bank-Konzern zu London ze ginn[2]. Zanter dem 2. Mäerz 2015 ass hie President vum Opsiichtsrot vun der Deutsche Bank Luxembourg[3]. Uganks 2016 huet hie bei der Deutsche Bank opgehalen, a gouf de 4. Mäerz 2016 zum President vum Verwaltungsrot vun der Banque internationale à Luxembourg ernannt[4], enger Bank, déi hien als Finanzminister matgehollef huet, aus der Finanzkris 2008 erauszeretten an un de katareschen Investitiounsfong Precision Capital ze verkafen[5]. Kuerz virdrun, den 1. Februar 2016, gouf hien zum President vum Verwaltungsrot vun der Mediegrupp Saint Paul Luxembourg ernannt[6]. Op deem Posten huet hien awer de 27. Mäerz 2019 demissionéiert, well hien den 1. Mäerz 2019 Member an der Assemblée plénière bei der Chambre de commerce ginn ass[7].

Vum 1. Januar 2022 u presidéiert hien Eurochambres, d'Associatioun vun den europäeschen Industrie- an Handelskummeren[8].

Ausserdeem war hie vun 2008 bis 2014 President vun der Fondation de Luxembourg an ass vum Hierschtsemester 2016/17 u Gaaschtprofesser fir Wirtschaftsrecht op der Universitéit St. Gallen[9].

Zeréck an d'Politik

Den 1. Februar 2023 huet de Conseil national vun der CSV de Luc Frieden als Spëtzekandidat fir d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen, wat den Nationalkongress vun der Partei de 25. Mäerz konfirméiert huet.[10]

De Luc Frieden gouf mat 30.999 Stëmmen am Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt[11], wou d'CSV mat 21 Sëtz déi stäekst Partei gouf. Den 9. Oktober gouf hie vum Groussherzog Henri zum Formateur vun enger neier Regierung ernannt.[12] Dee selwechten Dag huet sech den CSV-Nationalcomité eestëmmeg fir Koalitiounsverhandlungen mat der DP ausgeschwat.[13] Mëtt November waren déi Verhandlungen erfollegräich ofgeschloss, an de Luc Frieden gouf de 17. November 2023 als Premierminister vun der Regierung Frieden-Bettel vereedegt.[14]

Privates

De Luc Frieden ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Wierker

  • Luc Frieden, Nicolaus Heinen, Stephan Leithner: Europa 5.0. – Ein Geschäftsmodell für unseren Kontinent. Campus Verlag, Frankfurt, 2016. ISBN 978-3-593-5054-1.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Luc Frieden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen