Christopher Reeve

De Christopher D'Olier Reeve, gebuer de 25. September 1952 zu New York City a gestuerwen den 10. Oktober 2004 zu Mount Kisco, New York, war en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur an Auteur. Hien ass virun allem bekannt dofir, de Personnage vum Comicheld Superman tëscht 1978 an 1987 a véier Filmer geezpillt ze hunn. 1995 war hien, no engem Accident, wou e vun engem Päerd gefall war, querschnëttsgeleemt. Hien hat duerno awer nach déi eng oder aner Filmroll, sou z. B. an engem Remake vum Alfred Hitchcock sengem Rear Window (an deem den Haaptpersonnage an engem Rollstull sëtzt). Hien huet och eng Kéier, beim Film The Brooke Ellison Story (2004), Regie gefouert, an ass Auteur vu Bicher iwwer säi Liewen.

Christopher Reeve
GebuertsnummChristopher D'Olier Reeve
Gebuer25. September 1952
New York
Gestuerwen10. Oktober 2004
Mount Kisco
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitUSA
EducatiounJuilliard School,
Cornell University,
HB Studio
AktivitéitTelevisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Regisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur
Famill
PappFranklin D'Olier Reeve

Filmographie (Auswiel)

  • 1978: Gray Lady Down
  • 1978: Superman
  • 1980: Somewhere in Time
  • 1980: Superman II
  • 1982: Deathtrap
  • 1982: Monsignor
  • 1983: Superman III
  • 1984: The Bostonians
  • 1985: The Aviator)
  • 1987: Superman IV - The Quest for Peace
  • 1987: Street Smart
  • 1988: Great Escape II: The Untold Story
  • 1988: Switching Channels
  • 1992: Noises Off
  • 1993: Morning Glory
  • 1993: The Remains of the Day
  • 1994: Speechless
  • 1994: Above Suspicion
  • 1995: John Carpenter's Village of the Damned
  • 1998: Rear Window

Tëleesserien a -filmer

  • 1974-1976: Love of Life
  • 1985: Anna Karenina
  • 1988: The Worlds Greatest Stunts Documentary
  • 1991: Death Dream)
  • 2003: Smallville (Opftrëtter als Invité)
  • 2003: Practice (Optrëtt als Invité)

Literatur

  • Christopher Reeve: Immer noch ich - Mein zweites Leben. Droemer Knaur, München 1999, ISBN 3-426-62209-2.
  • Christopher Reeve: Nothing Is Impossible - Reflections of a New Life. Random House, London, München, New York 2003, ISBN 0-09-944659-6.
  • Christopher Reeve: Gedanken über mein Leben. Bombus-Verlag, München 2004, ISBN 3-936261-30-X.

Um Spaweck

Commons: Christopher Reeve – Biller, Videoen oder Audiodateien