Clint Eastwood

US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur, Produzent, Komponist a Politiker

De Clint Eastwood ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Produzent, Komponist a Politiker. Hie gouf den 31. Mee 1930 als Clinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr. zu San Francisco, (Kalifornien) an den USA gebuer.

Clint Eastwood
GebuertsnummClinton Eastwood
Gebuer31. Mee 1930
San Francisco
NationalitéitUSA
EducatiounLos Angeles City College,
Seattle University,
Oakland Technical High School,
Piedmont High School
AktivitéitFilmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Gastronom, Komponist, Pilot, Helikopterpilot, Jazzmuseker, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Friddensaktivist, Zaldot, Sänger, Buergermeeschter, Schauspiller, Regisseur
ParteiLibertarian Party, Republican Party
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet matDina Eastwood, Maggie Johnson
Liewenspartner(in)Sondra Locke, Frances Fisher
PappClint Eastwood Sr.
MammMargaret Ruth Runner
KannerKyle Eastwood, Alison Eastwood, Scott Eastwood, Francesca Eastwood, Morgan Eastwood, Kathryn Eastwood, Kimber Lynn Eastwood

Privatliewen

Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vun Oakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Jore seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill op der Westküst duerchgeschloen an op Bensinnsstatioune geschafft.

De Clint ass an 10 verschidde Schoule gaangen. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter am Oregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Bensinnsstatiounen an als Magasinier am Ersatzdeellager vu Boeing zu Seattle geschafft.

De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.

1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1978 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).

1960 huet hien d'Roxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjäreg Affär hat. De 17. Juni 1964 gouf hir Duechter Kimber gebuer.

1978 léisst hie sech vu senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E lieft 15 Joer laang (vun 1975 bis 1990) mat der Schauspillerin Sondra Locke zesummen.

Carrière beim Film

Ufank

Schonn 1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag bei Universal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mä hien ass laang Zäit net iwwer de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mä a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een en net verpasse wëllt, z. B. als Bomberpilot an Tarantula!. Wärend där Zäit muss hien dacks op dat auswäiche wat en tëscht der Schoul a bei der Arméi geléiert huet: Piscinë botzen an als Schwammmeeschter schaffen.

Seng Filmrolle sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hie frou wéi en 1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie krut: Deen naiven an onerfuerene Rowdy Yates an der Serie Rawhide, déi duerno zimmlech erfollegräich ginn as. Vun 1958 bis 1965 huet hien den zweete Mann nieft dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véidriff gespillt, deen ënnerwee ëmmer erëm opgehale gouf.

An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.

Vun 1964 bis 1970

De Regisseur Sergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi Film Per un pugno di dollari gesicht. Den Henry Fonda an den James Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dunn huet de Sandalefilmschauspiller Richard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.

Dem Leone säi bëlleg produzéierte Western ass an Europa e sensationellen Erfolleg ginn, an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjeeër, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Bak hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet ass him am Ufank bal schlecht ginn dovun), huet domat de Grondstee fir seng Carrière an och fir säin Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dunn och d'Haaptroll am Leone senge Filmer Per qualche dollaro in più,an Il buono, il brutto, il cattivo gespillt.

1968 goung den Eastwood zeréck op Hollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z. B. an Hang 'em high (1968) oder Kelly's Heroes (1970).

Vun 1971 bis an d'80er

1971 ass dem Clint Eastwood zu Hollywood deen definitiven Duerchbroch gelongen. Ënner der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimmlech zweiwelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegd geet. Den "Dirty Harry" gëtt eng Aart Kult-Figur. Am selwechte Joer dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-Thriller Play Misty for Me.

Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populäerste Filmschauspiller. E spillt nach e puermol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.

Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéi The Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oder Bird, d'Biographie vum Jazz-Museker Charlie Parker.

1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zu Carmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72 % vun de Stëmme kritt. No 2 Joer huet hie seng Demissioun ginn.

1993 spillt en am Thriller In the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.

1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischten Oscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mam Irving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.

1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Libesgeschicht "The Bridges of Madison County".

Den 29. Februar 1996 kritt e vum American Film Institute (AFI) de Live Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.

Zanter 1993 ass den Eastwood nëmmen nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.

2005 ass en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.

Filmer als Schauspiller

Kino

  • Trouble with the Curve, 2008, Regie: Robert Lorenz, Acteuren: Chelcie Ross, Ed Lauter
  • Gran Torino, 2008, Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Christopher Carley a Bee Vang
  • Million Dollar Baby 2004, Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Hilary Swank a Morgan Freeman
  • Blood Work (Créance de sang) (2002), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Jeff Daniels an Anjelica Huston
  • Space Cowboys (2000), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Tommy Lee Jones, Donald Sutherland an James Garner
  • True Crime (Ein wahres Verbrechen), (Jugé coupable) (1999), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Isaiah Washington
  • Absolute Power (Les pleins pouvoirs) (1997), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Gene Hackman an Ed Harris
  • The Bridges of Madison County (Die Brücken am Fluss), (Sur la route de Madison) (1995), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Meryl Streep
  • Les cent et une nuits de Simon Cinéma (1994) Regie: Agnès Varda
  • A Perfect World (Un monde parfait) (1993), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Kevin Costner a Laura Dern
  • In the Line of Fire (Dans la ligne de mire) (1993), Regie: Wolfgang Petersen, Acteuren: John Malkovich a Rene Russo
  • Unforgiven (Erbarmungslos), (Impitoyable) (1992), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Gene Hackman, Morgan Freeman a Richard Harris
  • The Rookie (La relève) (1990), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Charlie Sheen a Raul Julia
  • White Hunter Black Heart (Weißer Jäger, schwarzes Herz) (Chasseur blanc, coeur noir) (1990), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Jeff Fahey an Charlotte Cornwell
  • Pink Cadillac (1989), Regie: Buddy Van Horn, Acteuren: Bernadette Peters
  • The Dead Pool (Dirty Harry V - Das Todesspiel) (L'inspecteur Harry est la dernière cible) (1988), Regie: Buddy Van Horn, Acteuren: Liam Neeson
  • Heartbreak Ridge (Le maître de guerre) (1986), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Marsha Mason an Everett McGill
  • Pale Rider (Pale Rider - Der namenlose Reiter) (1985), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Michael Moriarty a Carrie Snodgress
  • City Heat (Der Bulle und der Schnüffler) (Haut les flingues) (1984), Regie: Richard Benjamin, Acteuren: Burt Reynolds a Rip Torn
  • Tightrope(Der Wolf hetzt die Meute) (La corde raide)(1984), Regie: Richard Tuggle, Acteuren: Geneviève Bujold a Dan Hedaya
  • Sudden Impact (Dirty Harry IV - Dirty Harry kommt zurück) (Le Retour de l'inspecteur Harry) (1983), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke a Bradford Dillman
  • Honkytonk Man (1982), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: John McIntire a Verna Bloom
  • Firefox (1982), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Freddie Jones
  • Any Which Way You Can (Mit Vollgas nach San Fernando) (1980), Regie: Buddy Van Horn, Acteuren: Sondra Locke
  • Bronco Billy (1980), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke
  • Escape from Alcatraz (1979), (Flucht von Alcatraz), (L'évadé d'Alcatraz),Regie: Don Siegel, Acteuren: Patrick McGoohan a Fred Ward
  • Every Which Way but Loose (1978), (Der Mann aus San Fernando), (Doux dur et dingue), Regie: James Fargo, Acteuren: Sondra Locke
  • The Gauntlet (1977), (Der Mann der niemals aufgibt) (L'épreuve de force), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke a Pat Hingle
  • The Enforcer (1976), (Dirty Harry III - Der Unerbittliche), (L'inspecteur ne renonce jamais), Regie: James Fargo, Acteuren: Bradford Dillman an Harry Guardino
  • The Outlaw Josey Wales (1976), (Der Texaner), (Josey Wales hors-la-loi), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: John Vernon a Sondra Locke
  • The Eiger Sanction (1975), (Im Auftrag des Drachen), (La Sanction)Regie: Clint Eastwood, Acteuren: George Kennedy an Heidi Brühl
  • Thunderbolt and Lightfoot (1974), (Den Letzten beißen die Hunde), (Le canardeur), Regie: Michael Cimino, Acteuren: Jeff Bridges
  • Magnum Force (1973), (Dirty Harry II - Callahan), (Magnum Force), Regie: Ted Post, Acteuren: Hal Holbrook
  • High Plains Drifter (1973), (Ein Fremder ohne Namen)(L'homme des hautes plaines)Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Verna Bloom a Marianna Hill
  • Joe Kidd (1972), (Sinola), Regie: John Sturges, Acteuren: Robert Duvall an John Saxon
  • Dirty Harry (1971), (L'inspecteur Harry), Regie: Don Siegel, Acteuren: Harry Guardino an John Vernon
  • Play Misty for Me (1971), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Jessica Walter
  • The Beguiled (1971), Regie: Don Siegel, Acteuren: Geraldine Page Betrogen - fr: Les Proies
  • Kelly's Heroes (1970), Regie: Brian G. Hutton, Acteuren: Donald Southerland
    de:Stoßtrupp Gold - fr: De l'or pour les braves
  • Two Mules for Sister Sara (1969), Regie: Don Siegel, Acteuren: Shirley Maclaine
    de:Ein Fressen für die Geier- fr: Sierra Torride
  • Paint Your Wagon (1969), Regie: Joshua Logan, Acteuren: Lee Marvin a Jean Seberg de:Westwärts zieht der Wind - fr: La kermesse de l'Ouest
  • Where Eagles Dare (1968), Regie: Brian G. Hutton, Acteuren: Richard Burton a Mary Ure de:Agenten sterben langsam - fr: Quand les aigles attaquent
  • Coogan's Bluff (1968), Regie: Don Siegel, Acteuren: Susan Clark a Lee J. Cobb de:Coogans großer Bluff - fr: Un shérif à New York
  • Hang 'em high (1968), Regie: Ted Post, Acteuren: Ed Begley a Pat Hinglede:Hängt ihn höher - fr: Pendez-les haut et court
  • Le Streghe (Sketch:5) (1967), Regie: Vittorio De Sica, Acteuren: Silvana Mangano an Toto
    de:Hexen von heute - fr: Les Sorcières - en: The Witches
  • Il buono, il brutto, il cattivo (1966), Regie: Sergio Leone, Acteuren: Eli Wallach a Lee van Cleef
    de:Zwei glorreiche Halunken - fr: Le bon, la brute et le truand - en: The Good, The Bad And The Ugly
  • Per qualche dollaro in più (1965), Regie: Sergio Leone, Acteuren: Lee van Cleef a Klaus Kinski
    de:>Für ein paar Dollar mehr - fr: Et pour une poignée de dollars de plus en: For a few dollars more
  • Per un pugno di dollari (1964), Regie: Sergio Leone, Acteuren: Gian Maria Volonté a Marianne Koch
    de:Für eine Handvoll Dollar - fr: Pour une poignée de dollars - en: For a fistful of dollars
  • Ambush at Cimarron Pass (1958), Regie: Jodie Copelan, Acteuren: Scott Bradyll
  • Lafayette Escadrille (1958), Regie: William A. Wellman, Acteuren: Tab Hunter an Etchika Choureau
    de:C'est la guerre
  • Escapade in Japan (1957), Regie: Arthur Lubin, Acteuren: Cameron Mitchell
    de:Verschollen in Japan - fr: Escapade au Japon
  • Away all Boats (1956), Regie: Joseph Pevney, Acteuren: Jeff Chandler, George Nader, Lex Barker an Julie Adams
    de:"Klar Schiff zum Gefecht"
  • Star in the Dust (1956), Regie: Charles F. Haas, Acteuren: John Agar a Mamie van Doren
    de:Noch heute sollst du hängen - fr: La corde est prête
  • The First Travelling Saleslady (1956), Regie: Arthur Lubin, Acteuren: Ginger Rogers
  • Never Say Goodbye (1955), Regie: Jerry Hopper, Acteuren: Rock Hudson
    de:Nur du allein - fr: Ne dites jamais adieu
  • Lady Godiva of Conventry (1955), Regie: Arthur Lubin, Acteuren: Muareen O'Hara an George Nader
    de:Die nackte Geisel
  • Tarantula! (1955), Regie: Jack Arnold, Acteuren: John Agar
  • Francis in the Navy (1955), Regie: Arthur Lubin, Acteuren: Donald O'Connor"a Martha Hyer
  • Revenge Of The Creature (1955), Regie: Jack Arnold, Acteuren: John Agar a Lori Nelson
    de:Die Rache des Ungeheuers - fr: La Revanche de la Créature

Televisioun

  • Rawhide - Serie (1959 - 1966) (217 Episoden)

Filmer als Regisseur

Kino

  • American Sniper, 2010, Acteuren: Bradley Cooper, Salah Salea
  • Jersey Boys, 2014, Acteuren: Vincent Piazza, Christopher Walken
  • J. Edgar, 2011, Acteuren: Leonardo DiCaprio, Josh Hamilton
  • Hereafter, 2010, Acteuren: Cécile de France, Matt Damon
  • Invictus, 2009, Acteuren: Morgan Freeman, Matt Damon
  • Gran Torino (2008)
  • Letters from Iwo Jima (2006)
  • Flags of our Fathers (2006)
  • Million Dollar Baby (2004)
  • Mystic River (2003)
  • Blood Work (2002)
  • Space Cowboys (2000)
  • True Crime (1999)
  • Midnight in the Garden of Good and Evil
  • Absolute Power (1997)
  • The Bridges of Madison County (1995)
  • A Perfect World (1993)
  • Unforgiven (1992)
  • The Rookie (1990)
  • White Hunter Black Heart (1990)
  • Bird (1988)
  • Heartbreak Ridge (1986)
  • Pale Rider (1985)
  • Sudden Impact (1983)
  • Honkytonk Man (1982)
  • Firefox (1982)
  • Bronco Billy (1980)
  • The Gauntlet (1977)
  • The Outlaw Josey Wales (1976)
  • The Eiger Sanction (1975)
  • Breezy (1973), Acteuren: William Holden an d'Kay Lenz
  • High Plains Drifter (1973)
  • Play Misty for Me (1971)

Televisioun

  • The Blues (2003), Serie (Episod "Piano Blues")
  • Amazing Stories (1985) Serie (Episod "Vanessa in the Garden")

Filmer als Komponist

  • Million Dollar Baby (2004)
  • Mystic River (2003)
  • Space Cowboys (2000)
  • True Crime (1999) (d'Lidd "Why Should I Care")
  • Absolute Power (1997)
  • The Bridges of Madison County(1995) (d'Lidd "Doe Eyes")
  • Unforgiven (1992) (Claudia's theme)
  • Heartbreak Ridge (1986) (d'Lidd "How Much I Care")
  • City Heat (1984)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Clint Eastwood – Biller, Videoen oder Audiodateien