Dëschtennis

Ballsportart, Olympesch Sportaart
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Dëschtennis, och als Ping-Pong bekannt, ass eng Sportaart bei där zwéin oder véier Spiller e liichten, huele Ball mat enger Dëschtennisrackett iwwer en Dësch mat engem Netz schloen.

Dëschtennis
Ping-Pong
Dëschtennis-Weltmeeschterschaft 2013, Paräis. De Kenta Matsudaira géint de Vladimir Samsonov an der Aachtelfinall am Hären-Eenzel.
TypBallsportaart, Rackettspill, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaartzënter 1988
Federatioun
InternationalInternational Table Tennis Federation
LëtzebuergFédération luxembourgeoise de tennis de table
Ursprong
UrsprongslandEngland
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum)2
Spiller (Maximum)4
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Fan Zhendong (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Sun Yingsha (2023)

Dëschtennis gëtt op engem matte gréngen oder bloen, och alt emol engem schwaarzen Dësch gespillt, op deem e Filet d'Spillfeld an zwou Hallschenten deelt. Den Dëschtennisball ass gemenkerhand wäiss (seelen orange), besteet aus Plastik (fréier Zelluloid), weit 2,7 g an huet en Duerchmiesser vu 40 mm. All Spiller huet eng Dëschtennisrackett déi op enger Säit schwaarz an op der anerer Säit entweeder gréng, rosa, hellblo oder mof ass. D'Rackett gëtt mam Shakehand-Grëff oder - haaptsächlech an Asien - am Penholder-Stil am Grapp gehalen.

Kompetitioune ginn am Eenzel, Duebel oder Gemëscht gespillt. E Saz ass eriwwer soubal ee Spiller eelef Punkten an op d'mannst zwéi Punkte Virsprong huet. All Spiller huet zwéin Opschléi (Servicen) hannerteneen, duerno wiesselt d'Opschlagrecht. E Match geet am Normalfall iwwer dräi Gewënnsätz („Best-Of-Five“), bei groussen Tournoie gëtt iwwer véier Gewënnsätz („Best-of-Seven“) gespillt.

Dëschtennis zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet ëm déi 75 Dëschtennisclibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de tennis de table.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Dëschtennis – Biller, Videoen oder Audiodateien