Departement Léman
De Léman ass e fréiert franséischt Departement deem seng Prefecture Genf war.
D'Departement gouf 1798 duerch den Uschloss vun der Republik Genf u Frankräich gegrënnt, an dobäi koumen de Pays de Gex, deen aus dem Ain erausgeholl gouf, an den nërdlechen Deel vum Departement Mont-Blanc (Bonneville, Cluses an Thonon).
E gouf 1800, an dräi Arrondissementer opgedeelt ; Bonneville an Thonon waren deemools Sous-Prefecturen.
D'Departement Léman gouf 1814 suppriméiert, Genf gouf erëm onofhängeg, mä huet sech gläich duerno un d'Schwäiz ugeschloss. D'Departementer Ain a Mont-Blanc krute praktesch hir al Grenze vun 1798, an no de Cents-Jours gouf d'Departement Mont-Blanc suppriméiert.
| ||||||
Departementer an der Belsch an Holland an zu Lëtzebuerg: Bouches-de-l'Escaut |Bouches-de-l'Yssel |Bouches-de-la-Meuse |Bouches-de-Rhin |Deux-Nèthes |Dyle |Ems-Occidental |Escaut | Forêts |Frise |Jemmape |Lys |Meuse-Inférieure | Ourthe |Sambre-et-Meuse | Yssel-Supérieur |Zuyderzée | |