Departement Sambre-et-Meuse
D'Departement Sambre-et-Meuse, war e fréiert franséischt Departement deem säin Haaptuert Namouer war.
D'Departement gouf den 1. Oktober 1796 gegrënnt, wéi déi Territoiren, déi haut der Belsch a Lëtzebuerg entspriechen, un dat revolutionäert Frankräich ugeschloss gi waren (1794/95). D'Departement huet 1814/15 der Provënz Namur Plaz gemaach. Dobäi sinn al-lëtzebuergesch Gebidder wéi La Roche-en-Ardenne, Durbuy, asw., déi dem Departement zougeschloe gi waren, dem neigeschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg zougesprach ginn.
Kuckt och
| ||||||
Departementer an der Belsch an Holland an zu Lëtzebuerg: Bouches-de-l'Escaut |Bouches-de-l'Yssel |Bouches-de-la-Meuse |Bouches-de-Rhin |Deux-Nèthes |Dyle |Ems-Occidental |Escaut | Forêts |Frise |Jemmape |Lys |Meuse-Inférieure | Ourthe |Sambre-et-Meuse | Yssel-Supérieur |Zuyderzée | |