Dichroitesche Prisma

En dichroitesche Prisma ass en optesche Prisma, deen e Liichtstral an zwéi Strale mat ënnerschiddleche Spektren resp. Faarwen opspléckt. En ass gewéinlech aus Glas, wou op bestëmmte Flächen dichroitesch Spigelen ubruecht sinn, déi d'Liicht, jee no deem senger Wellelängt, entweeder reflektéieren oder duerchloossen.

Schemateschen Opbau vun engem dichroiteschen RGB-Prisma vun der Firma Philips[1]
En dichroitesche Prisma.

Sou Prisme ginn z. B. bei Faarf-Videokamerae mat dräi CCD-Sensoren agesat, déi nom sougenannten 3-Chip-CCD-Procédé funktionnéieren. Hei sinn zwéin dichroitesch Prismen hannereneen, déi d'Luucht a Rout, Gréng a Blo zerleeën, an dann op 3 Bildsensoren (CCD), déi fir jee eng vun deene Faarwen ugeluecht sinn, weiderleeden (kuckt d'Scheema uewen).

Um Spaweck

Commons: Dichroitesche Prisma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen