Elton John

englesche Sänger, Pianist, Komponist a Schauspiller

Den Elton Hercules John, CBE, gebuer de 25. Mäerz 1947 zu Pinner, Middlesex, Greater London als Reginald Kenneth Dwight, ass e brittesche Sänger, Komponist a Pianist.

Elton John
GebuertsnummReginald Kenneth Dwight
Gebuer25. Mäerz 1947
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
EducatiounRoyal Academy of Music,
Universitéit vu London
AktivitéitSänger, Komponist, Filmschauspiller, Keyboarder, Pianist, Discographesche Kënschtler, Museker, Liddertexter
Famill
Bestuet matDavid Furnish

Mat iwwer 900 Millioune verkaafte Placken an CDen[1] zielt hien zu deenen Interpreten, déi am meeschte Placken op der Welt verkaaft hunn. Eleng d'Single Candle in the Wind, déi en nom Doud vun der Prinzessin Diana nei opgeholl hat, gouf 45 milliounemol verkaaft.

Aner Hitte vun him sinn ë. a. Rocket Man, Crocodile Rock, Daniel, Goodbye Yellow Brick Road, Bennie And the Jets, Don't Let The Sun Go Down On Me, Philadelphia Freedom, Don't Go Breaking My Heart, Blue Eyes, I Guess That's Why They Call It The Blues, I'm Still Standing, Sorry Seems to Be the Hardest Word, Song for Guy, Just Like Belgium oder Nikita.

Den Elton John ass dräimol zu Lëtzebuerg opgetrueden, an zwar den 12. Dezember 2003, am Dezember 2010 an am Juni 2017, allkéiers an der Coque.[2]

Literatur

  • Philip Norman: Sir Elton: the definitive biography of Elton John. Pan Books, London 2001, ISBN 0-330-37734-5.

Um Spaweck

Commons: Elton John – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen