Faaschten

Faaschten ass eng Form vu mënschlecher Kultur, déi dora besteet, datt een eng Zäit laang manner oder guer näischt ësst. A béide Fäll lieft ee vun den eegene Kierperreserven.

D'Wuert staamt vum gotesche "fastan" = festhalen, beuechten.

Et gëtt verschidde Manéiere fir ze faaschten:

  • Heelfaaschten aus gesondheetleche Grënn. Heihi gehéiert och eng speziell Form vu Wanderen, d'Faaschtewanderen.
  • Den Hongerstreik als Form vu passivem Widderstand.
  • Reliéis motivéiert Faaschten: a verschidde Relioune besteet eng Traditioun, fir zu bestëmmten Zäiten ze faaschten, et schwätzt ee vu Faaschtenzäiten.

Um Spaweck

Commons: Faaschten – Biller, Videoen oder Audiodateien