Festival du film italien de Villerupt

Filmfestival zu Villerupt

De Festival du film italien de Villerupt ass e Filmfestival, deen zanter 1976 all Joer zu Villerupt an dräi Säll organiséiert gëtt. An zwéi Säll am Stadhaus an am ale Kino "Rio".

1976 hunn e Grappvoll Filmbegeeschterter d'Iddi gehat, e klenge Festival vum italieenesche Film op d'Been ze sëtzen, wéinst dem Succès, deen deemools déi italieenesch Filmer haten, an och, well zu Villerupt vill Leit wunnen, déi en italieeneschen Hannergrond hunn.

Schonn an deenen éischte Joren hu si et fäerdeg bruecht, Stare vun deemools, wéi den Ugo Tognazzi, op Villerupt z'invitéieren. De Festival huet sech ander Festivalszeen dann och séier en Numm gemaach: 2005 ass e vu bal 42.000 Spectateure besicht ginn.

  • 1976: Wéinst dem Succès, deen déi Zäit den italieenesche Film a Frankräich hat, huet eng Grupp Cinéphiler aus dem mjc-centre culturel de villerupt d'Iddi fir vum 9. bis de 14. November 1976 e Festival du Film Italien opzezéien. 18 Filmer goufen an dräi Säll gewisen. An Avant-première gouf dem Bernardo Bertolucci säin Novecento opgefouert, donieft nach anerer aus de fréie 70er Joren, Dramma della geliosa, C'eravamo tanto amati, Mimi metallurgico ferito nell'onore an den La classe operaia va in paradiso. Den eigentleche Succès war dem Franco Brusati säi Pane e cioccolato vun 1973. Et geet ëm en italieeneschen Immigrant, deen an der Schwäiz net gelidde gëtt.
  • 1977: bal 6.000
  • 1981: méi wéi 30.000
  • 1998: 35.000

Zanter 1999 gëtt de Festival organiséiert vum Pôle de l'Image vu Villerupt, deen ënner d'Äerm gegraff kritt vun der Gemeng, dem Departement an der Regioun. Och gouf et an de leschte Joren eng verstäerkt Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg, ë. a. mat der Stater Cinemathéik a Kinoen am Süde vum Land, wéi dem Ariston, dem Kinosch, dem Starlight, asw.

Um Spaweck