Flämesch Regioun

Regioun an der Belsch
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der moderner Regioun Flandern. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie).

D'Flämesch Regioun (hollännesch: Vlaams Gewest, franséisch Région flamande), dacks just nëmme Flandern (nl.: Vlaanderen, fr.:la Flandre oder les Flandres) genannt, ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch déi an der belscher Constitutioun festgehale goufen.

Flämesch Regioun
LandBelsch
CommunautéitFlämesch Communautéit
Chef-lieuBréissel
Awunner6.629.143 (2020)
Fläch13.522,0 km²
Websäithttps://www.vlaanderen.be/
Flämesche Fändel

D'Offiziell Sprooch ass d'Hollännesch, geschwat gi verschidde Flämesch Dialekter. Flandern huet eng Fläch vun 13.522 km², op där ronn 6 Mio. Awunner liewen. Déi Flämesch Regioun huet keng eegen Institutiounen, hier Kompetenze gi vun der Flämescher Communautéit exercéiert. D'Institutiounen an d'Communautéit hunn hire Sëtz zu Bréissel, dat awer net zu der Regioun Flandern gehéiert an eng eege Regioun ass.

Flandern besteet aus de Provënzen (Haaptstad): Antwerpen (Antwerpen), Ostflandern (Gent), Flämesch Brabant (Léiwen), Limburg (Hasselt) a Westflandern (Brugge). Aner wichteg Stied a Flandern si Mechelen, Kortrijk an Ostende.

Geschicht

Déi haiteg Regioun Flandern besteet aus Deeler vun den historeschen Territoirë vun der Grofschaft Flandern, dem Herzogtum Brabant, dem Prënzbistum Léck an dem Herzogtum Limburg.

Baussent der belscher Regioun Flandern gëtt et Séilännesch-Flandern an Holland an e Streech am Norde vu Frankräich déi och Flandern genannt ginn, well s'an der Zäit zur historescher Grofschaft Flandern gehéiert hunn.

Politesch Struktur

D'Regioun Flandern besteet aus 5 Provënzen:

ProvënzHaaptuertBevëlkerung (1/1/2021)Fläch (km²)Awunner/km²
1AntwerpenAntwerpen1.875.5242.867654
2LimburgHasselt880.3972.414365
3Ostflandern (Oost-Vlaanderen)Gent1.531.7452.991512
4Flämesche Brabant (Vlaams-Brabant)Léiwen1.162.0842.106552
5Westflandern (West-Vlaanderen)Brugge1.203.3123.125385

Ekonomie

Am Joerzéngt tëscht 2010 an 2020 ass d'Ekonomie vun der flämescher Regioun am Schnëtt all Joer ëm 1% gewuess. Dat war méi wéi a Wallounien (+0,6 %) an an der Haaptstadregioun Bréissel (+0,2%).[1]

2020 louch de PIB vu Flandere bei 266 Milliarden Euro. D'Joer virdrun, virun dem negativen Impakt, deen d'Coronaviruspandemie op d'Weltwirtschaft hat, louch en nach bei 279 Milliarden Euro.[2] Pro Awunner louch de PIB a Flanderen am Joer 2020 bei 40.027 Euro, géigeniwwer 29.043 Euro a Wallounien an 68.364 Euro an der Regioun Bréissel.[1]

Um Spaweck

Referenzen

Commons: Flandern – Biller, Videoen oder Audiodateien