Félix Braz

lëtzebuergesche Politiker a Journalist

De Félix Braz, gebuer de 16. Mäerz 1966 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng) a fréiere Radiosjournalist. Hie war vum 5. Dezember 2018 bis den 11. Oktober 2019[1] Vizepremierminister a Justizminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz a virdrun, vun 2013 bis 2018, Justizminister an der Regierung Bettel-Schneider.

Félix Braz
Gebuer16. Mäerz 1966
Déifferdeng
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitPolitiker
Parteidéi gréng
Famill
KannerLiz Braz

De Félix Braz ass bestuet a Papp vun zwee Kanner, dorënner d'LSAP-Députéiert Liz Braz.

Karriär

Dem Félix Braz seng Eltere sinn Ufanks vun den 1960er Joren aus Portugal op Lëtzebuerg immigréiert. Nodeem de Félix Braz zu Paräis ugefaangen hat, Droit ze studéieren, an dee Studium nom Packe vum éischte Joer ofgebrach hat, huet hien 1990 an 1991 déi éischt deeglech Radiossendung op Portugisesch bei RTL Radio Lëtzebuerg geschwat. Dono war hie bis 2001 Fraktiounssekretär vun déi gréng.

1995 gouf de Félix Braz an de Gemengerot zu Esch-Uelzecht gewielt. Hie war do vum 30. Abrëll 2000, bis zu de Gemengewalen 2011, bei deenen hien net méi kandidéiert huet, Schäffen.

2004 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierte fir de Südbezierk an d'Chamber gewielt, wuer en 2009, 2013 an 2018 erëmgewielt gouf. Hien huet de 4. Dezember 2013 op säi Chambermandat verzicht, fir Justizminister an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.

Aus gesondheetleche Grënn konnt de Félix Braz seng ministeriell Aufgaben zanter dem 22. August 2019 net méi erfëllen a gouf am September 2019 temporär duerch d'Sam Tanson, déi de Justizministère iwwerhëlt, respektiv de François Bausch, dee Co-Vizepremier gouf, ersat[2],[3],[4]. Wéinst sengem Gesondheetszoustand gouf hien den 11. Oktober 2019 vu senge Regierungsämter entbonnen[1].

Am Mee 2021 huet hien Asproch virum Verwaltungsgeriicht géint seng démission honorable ageluecht, déi hien net aus eegener Entscheedung geholl gehat hätt, mä déi him operluecht gi wier[5].

Den 10. Februar 2023 hunn d'Verwaltungsriichter den Asproch ofgeleent, well d'Rechtméissegkeet vun enger Entloossung vun engem Minister net an de Kompetenzberäich vun engem Geriicht fale géif. De Felix Braz wëll géint dëst Urteel an Appel goen.[6]

Auszeechnungen

Literatur

  • (LME), "Ein würdiger Vertreter Portugals" - Nationaler Verdienstorden für Felix Braz ; in: Luxemburger Wort, 17. Juni 2006.

Um Spaweck

Commons: Félix Braz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten