Gare Esch-Uelzecht

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vun Esch-Uelzecht ass eng Gare op den CFL-Linnen 6a a 6f, tëscht der Gare Schëffleng, an der Gare Belval-Université, respektiv der Linn 6e an Direktioun Gare Däitsch-Oth, vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Esch-Uelzecht
Vue op d'Gare vun hannen (2018)
Streck6a, 6f, 6e
PK9,504 (Linn 6a a 6e)
15,768 (Linn 6f)
Quaien2
Gleiser8
UertschaftEsch-Uelzecht
GemengEsch-Uelzecht
KantonEsch-Uelzecht
Koordinaten49° 29’ 39’’ N
      5° 59’ 07’’ O
WebsäitCFL.lu

Bei der Gare vun Esch-Uelzecht gëtt et an der Ëmgéigend nëmme käschteflichteg Parkplazen.

Gebaier

D'Hal vum Gebai, déi ëm 1959 gebaut gi war (Architekt: Jean Prouvé), gouf am November-Dezember 2014 ofgerappt a gouf duerch en neit Gebai, an deem ënnenan ë. a. e klenge Supermarché amenagéiert gouf, ersat. Dat neit Gebai huet iwwer der Agankshal mat der Salle d'attente, am Géigesaz zum alen, fënnef Stäck, déi un d'Steierverwaltung verlount ginn.

Ausserdeem gouf direkt niewendrun, ier ee bei d'Passerell fir op de Gaalgebierg kënnt, eng nei Jugendherberg gebaut.[1] Béid goufen 2017 fäerdeg.

D'Haus ëstlech vun der fréierer Hal, dat déi selwecht Zäit als Appartermentshaus gebaut gouf (mat ënnenan engem Garë-Buffet), gouf an den 2000er Jore renovéiert; et ass mëttlerweil de Sekretariatssëtz vun der Groussregioun.

D'Busgare

Busgare

Eng iwwerdaacht Bus-Gare op der lénkser Säit virum Gebai suergt dofir datt d'Passagéier kënne vun do och mam Bus (TICE (Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 7, 12, 13, 15 a 17) an RGTR(Linnen 307, 313, 314, 319, 322 an 750) weidergeleet ginn.

Virun November 2009[2] war d'Bus-Gare op der rietser Säit vum Gebai.

Geschicht a Chronologie

  • 1859 gouf déi éischt Escher Gare an der rue St.-Antoine opgeriicht.
  • 1879 gouf eng nei Gare gebaut um haitege Boulevard J.-F. Kennedy
  • 1958 gouf eng nei Marchandise-Gare gebaut
  • 1959 gouf déi al Gare um Boulevard Kennedy ewechgerappt an duerch en neit Gebai ersat, déi dann nëmme méi fir Persounentransport geduecht ass.
  • 2009 gouf d'Bus-Gare vun der rietser Säit vum Gebai op déi lénks Säit verluecht
  • 2014 gouf d'Hal vum Gare-Gebai ofgerappt, fir duerch eng nei ersat ze ginn, déi an en administratiivt Gebai integréiert ass.

Biller

Zich déi an der Gare halen

Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
LëtzebuergSchëfflengRB
CFL-Linn 6a
CFL-Linn 6f
Belval-UniversitéRodange
LëtzebuergSchëfflengRE
CFL-Linn 6a
CFL-Linn 6f
Belval-UniversitéRodange
RodangeBelval-UniversitéRB
CFL-Linn 6a
CFL-Linn 6f
SchëfflengLëtzebuerg
RodangeBelval-UniversitéRE
CFL-Linn 6a
CFL-Linn 6f
SchëfflengLëtzebuerg
TerminusTerminusRB
CFL-Linn 6e
Däitsch-OthDäitsch-Oth
Däitsch-OthDäitsch-OthRB
CFL-Linn 6e
TerminusTerminus

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen