Gare Kautebaach

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Kautebaach ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Giewelsmillen an der Gare Wëlwerwolz, respektiv der Gare Mäerkels, vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Kautebaach
Streck1, 1b
PK62,021 (Linn 1)
0,00 (Linn 1b)
Quaien2
Gleiser4
UertschaftKautebaach
GemengKiischpelt
KantonWolz
Koordinaten49° 56’ 54’’ N
      06° 01’ 20’’ O
WebsäitCFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare Kautebaach huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Et ass och eng Bus-Gare do.

D'Gare vu Kautebaach vun der Hockslee aus gesinn

D'Gebai

D'Gebai vun der Kautebaacher Gare gouf 1888 vun de Reichseisenbahnen in Elsaß-Lothringen gebaut. Seng Architektur vereenegt zwéi verschidde Stiler, dee vun engem Schwäizer Chalet an dee vun engem italieenesche Landhaus, wouduerch et eigentlech net zu engem traditionellen Duerfcharakter passt. Dësen Effekt war awer vun den éischte Bauhären erwënscht a sollt e Symbol si fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker.

Zich déi an der Gare halen

Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
TerminusTerminus RB
CFL-Linn 10 
 MäerkelsWolz
TerminusTerminus RE
CFL-Linn 10 
 Mäerkels
oder Paradiso
Wolz
LëtzebuergGiewelsmillen
 RE
CFL-Linn 10 
 WëlwerwolzËlwen
oder Gouvy
LëtzebuergGiewelsmillen
 IC
CFL-Linn 10 
 WëlwerwolzËlwen / Liers

Literatur

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Gare vu Kautebaach: S. 122-123)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Kautebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien