Gare Rëmeleng

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare Rëmeleng ass eng Kappgare an Terminus op der CFL-Linn 6c vun der Lëtzebuerger Eisebunn, déi lescht Gare virdrun ass d'Gare Téiteng.

Gare Rëmeleng
Streck6c
PK9,980
Quaien1
Gleiser2
UertschaftRëmeleng
GemengRëmeleng
KantonEsch-Uelzecht
Koordinaten49° 27’ 36’’ N
      6° 01’ 57’’ O
WebsäitCFL.lu

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

Geschicht[1]

Nodeems déi éischt Gare zu Rëmeleng – d'Grenzgare Rëmeleng-Ëtteng – schonn 1862 opgaange war, ass d'Gare am Zentrum vu Rëmeleng (Rumelange-Halte) den 1. Oktober 1900 opgemaach ginn. Dat haitegt Garegebai ass 1963 opgaangen, awer eréischt 1965 ageweit ginn.

D'Rëmelenger Gare ass eréischt zanter 1975 eng Kappgare. Virdru louchen d'Gleiser bis op Rëmeleng-Ëtteng wou d'Streck en Uschloss un d'Minièresstreck Rëmeleng-Boulange hat. Nodeems d'Schinnen op der franséischer Säit ewechgerappt gi waren an et esou net méi méiglech war fir d'Streck jee vu Rëmeleng aus virun ze féieren, gouf am Joer 1996 och ugefaangen d'Gleiser op Lëtzebuerger Säit ze demontéieren. D'Barriär gouf ewech gerappt an 1997 koum e Rond-point an d'Plaz.

Zich déi an der Gare halen

Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
NäerzengTéiteng RB
CFL-Linn 60b 
 TerminusTerminus
LëtzebuergTéiteng RE
CFL-Linn 60b 
 TerminusTerminus

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Rëmeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten