Gemeng Leideleng

lëtzebuergesch Gemeng

D'Gemeng Leideleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Uertschaft Leideleng benannt.

Leideleng
D'Gemengenhaus vu Leideleng
Aussprooch
An anere Sproochenfr: Leudelange
de: Leudelingen
LandLëtzebuerg
KantonEsch-Uelzecht
Chef-lieuLeideleng
BuergermeeschterLou Linster
Awunner2.766
 1. Januar 2023
Fläch1.352,99 ha
Héicht318 m
Koordinaten49° 33’ 59’’ N
      6° 3’ 53’’ O
LAU-CodeLU0207
Websäithttp://www.leudelange.lu
D'Gemeng Leideleng (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts Kapell

Uertschaften an der Gemeng

D'Gemeng Leideleng ass opgedeelt an:

Geographie

Geschicht

Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufen.

Den haitege "Kierchepad" an de "Schwaarze Pad" ginn als Deeler vum Kiem Tossebierg - Gehaansbierg gedeit[1].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

De Wope vun der Leidelenger Gemeng weist ënnen e schwaarze Bier op gëllenem Fong an driwwer dräi sëlwer Merletten op roudem Fong.[2]

De Bier huet seng Originnen am Wope vun der Benediktinerabtei Sankt Maximäin vun Tréier.[3]

De 16. November 2018 huet sech d'Gemeng Leideleng eng nei visuell Identitéit ginn: e Rechteck a de Faarwe gold a rout, gefaalt zum Buschtaf "L". De Motto vum Logo ass: "Entfaalt Iech"[4].

Politik

Buergermeeschteren

  • 1856 - 1861: Jean Fischbach
  • 1861 - 1873: Dominique Biver
  • 1873 - 1887: Jean Lehnertz
  • 1887 - 1888: Dominique Kirpach (faisant fonction)
  • 1888 - 1897: Jean Fischbach-Schmit
  • 1897 - 1901: Dominique Kirpach
  • 1901 - 1903: Pierre Brosius (faisant fonction)
  • 1903 - 1917: Nicolas Boeckes
  • 1917 - 1918: Nicolas Welter (faisant fonction)
  • 1918: Nicolas Welter
  • 1918 - 1921: Jean Melchior
  • 1921: Charles Stammet (faisant fonction)
  • 1921 - 1932: Jean Melchior
  • 1932 - 1940: Jean-Pierre Fischbach
  • 1940 - 1945: Ortsbürgermeister Vic. Arendt
  • 1945 - 1946: Aloyse Muller (faisant fonction)
  • 1946 - 1952: René Schummer[5]
  • 1952 - 1953: Pierre Weis
  • 1953 - 1970: René Schummer
  • 1970 - 1976: Raymond Kauffmann
  • 1976 - 1982: Nicolas Schroeder
  • 1982 - 2004: Fernand Conter
  • 2005 - 2012: Rob Roemen (DP)
  • 2013 - 2023: Diane Bisenius-Feipel
  • 2023 - haut: Lou Linster

Schäffen- a Gemengerot

  • 2023 - haut: Vanessa Baldassari (Schäffen), Jean-Pierre Roemen (Schäffen), Nathalie Entringer, Philippe Wilmes, Sandrine Pompidou, Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Denise Copette[6]
  • 2017 - 2023: Thomas Berend (Schäffen, bis Januar 2019), Jean-Paul Sunnen (Schäffen), Raphael Gindt (Schäffen, vum 14.2. 2019 un), Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Patrick Calmus, Christiane Hamen ép. Schmit.[7]
  • 2011 - 2017: Eugène Halsdorf (1. Schäffen), Victor Christophe (2. Schäffen), Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Raymond Kauffmann, Marc Loess, Francisco Ramirez

Flouernimm

  • op der aler Strooss
  • Akerheck
  • Atzebierg
  • Bakless Weieren
  • am Bann
  • Bannatsch
  • a Baerend
  • Banndriisch
  • Bernasswues
  • Berken
  • Blimmesweyer
  • Bommert
  • Boudel
  • Brichelechelchen
  • Brichen
  • Brill
  • Brommeschheck
  • Buchholz
  • um Deich
  • Déiregaart
  • Dideschlach
  • Diffeschgraecht
  • Dompen
  • Eelchen
  • Eelchesgewan
  • an der Ehs
  • Espenheck
  • Fronzel
  • Géierbierg
  • op der Geissekopp
  • Groussgewännchen
  • Gudesbiirchen
  • op Hals
  • Hirtenwooss
  • op den Hohen
  • Homeschlach
  • Hunnefeldchen
  • Huuscht
  • Jongebësch
  • Kalberpesch
  • Kéibësch
  • Këppbësch
  • Ketzlach
  • um Kiem
  • Kinneksweier
  • Kierchenheck
  • Knäppchen
  • Kuebelach
  • Kuelescherbësch
  • Laach
  • Laangebësch
  • Meeschbierg
  • Mohrwiss
  • Neiwisen
  • Nonnebësch
  • Nonnebrill
  • Nuechtweed
  • Oudefiirzchen
  • Palsbësch
  • Pëssendall
  • Pull
  • Reedel
  • Réidescht
  • Rothscheuer
  • Roudebësch
  • Saang am Baerend
  • Schéifert
  • Schéiwelsbond
  • Schireslach
  • Schlammfeldchen
  • Schmittsbiirchen
  • Schmuelwiss
  • Schwéngsweed
  • Stackels
  • Stengert
  • Stiedswee
  • Sporkels
  • Tommelbierg
  • Uecht
  • Urbeth
  • Weierwiss
  • Wëller
  • Wëllerbësch
  • Wittbësch
  • Wollefsdriesch
  • Zapesheck

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Leideleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Veräiner

  • 1888 Grënnung vun de Leidelenger Pompjeeën.
  • 1893 Grënnung vun der Leidelenger Musek
  • 1927 gouf zu Leideleng de Gaardebauveräin Amis de la Fleur gegrënnt.
  • Cercle Culturel & Historique ASBL
  • Chorale Ste Cécile
  • Oeuvres Paroissiales
  • Enrôlés de Force
  • H.U.K. Hëllef fir Ukrainësch Kanner ASBL
  • Parkinson Luxembourg ASBL
  • Amiperas Sektioun Leideleng
  • Ecurie des Prés
  • Fraen a Mammen
  • Frënn vun den Leidelenger Guiden a Scouten ASBL
  • Leidelenger Guiden a Scouten
  • Jugendhaus Leideleng
  • Leidelenger Pétanque Frënn ASBL
  • Natur & Ëmwelt Sektioun Leideleng
  • Spuerklub "Kee Problem"
  • Trëppelfrënn Leideleng ASBL
  • Supporterclub Leidelenger Musek
  • 1. FC Gruefwiss Leideleng
  • Dësch-Tennis Leideleng ASBL
  • KC Stramm op d'Damm Leideleng
  • LASEP Leudelange
  • Tennis-Club Leideleng
  • Velo-Club L'Endurance Leudelange ASBL
  • Wikimedia Lëtzebuerg ASBL

Neie Waassertuerm

Den neie Leidelenger Waassertuerm
Den ale Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm beliwwert zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 . De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt vum ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser beliwwert.

De Projet gouf vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER", matfinanzéiert.

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[8]

Reliéises

D'Par Leideleng gehéiert zum Parverband Gaasperech-Hollerech-Leideleng.

Literatur

  • Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, 255 S. ISBN 2-9599931-0-1
  • Ed Maroldt, Raphael Gindt, Christian Schaack, Paysages préurbains, Vorstädtische Landschaften, Leudelange, la naturelle, Commission de la culture, Commune de Leudelange, 2021, 80 S. ISBN 978-99959-0-657-3

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Leudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen