Raphael Gindt

lëtzebuergesche Kënschtler a Politiker


De Raphael Gindt, gebuer de 7. Mee 1993 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche fräischaffende Kënschtler a Lokalpolitiker.

Raphael Gindt
De Raphael Gindt, Kënschtler a Leidelenger Schäffen (2019)
Gebuer7. Mee 1993
Lëtzebuerg
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitKënschtler, Foussballspiller, Politiker
Famill
PappJean-Louis Gindt

Hie bezeechent sech selwer als Urban Artist, Street Artist, Muralist, Expressionist a Surrealist, deen e Schwéierpunkt op legal Graffiti am ëffentleche Raum leet. Dofir versteet hie sech och als Kënschtler, net als Tagger[1]. Doniewent schafft hien och op Glas, dat hien a Graffititechnik beaarbecht, souwuel als Bild wéi als Skulptur. Seng Wierker sinn niewent Lëtzebuerg, och an der Belsch, a Frankräich, an Däitschland, an Italien, am Vereenegte Kinnekräich, an den USA, um Cap Vert[2],[3], a Portugal an an der Tierkei ze gesinn.Hie schafft och mat Jugendhaiser, Schoulen, Associatiounen zesummen, wéi der Kulturfabrik, MASKéNADA, APEMH, wou hie virun allem mat Jonken Graffitiworkshoppe leet.

Zesumme mam Daniel Mac Lloyd huet hien den 29. September 2018 d'Konschtgalerie Kamellebuttek zu Esch-Uelzecht opgemaach[4],[5]. Donieft hunn si zwee zwou Asblen am Beräich Konscht gegrënnt. Am Januar 2019 hunn déi zwéi Kënschtler am Kamellebuttek eng eege Konschtschoul opgemaach[6].

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 ass hien zu Leideleng an de Gemengerot gewielt ginn. Am Gemengerot vum 29. Januar 2019 gouf hien als Schäffe gewielt[7] an de 14. Februar 2019 vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt[8], nodeems den 1. Schäffen Tom Berend zeréckgetruede war. Bei de Gemengewalen 2023 ass hien net ugetrueden.

A senger Fräizäit huet hie Foussball gespillt a war Golkipp.

Ausstellungen

Perséinlech

  • 2022 Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
  • 2021 Centro de Artes e Cultura de Ponte de Sor[9], Portugal
  • 2019 Artifact, New York City
  • 2018 Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
  • 2016 Galerie d'Art du SIT, Schëffleng
  • 2016 Vitralux, Lëtzebuerg
  • 2015 peppe parola – Art Gallery, Lëtzebuerg

Gruppenausstellungen

De Kënschtler viru sengem Wierk mam Titel "Mythen a Legenden aus der Hossegässel", Paste Up op der Fassad vum fréiere Conservatoire resp. dem haitege Lëtzebuerg City Museum (2019)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Raphael Gindt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen