Gemeng Luerenzweiler

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch

D'Gemeng Luerenzweiler ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Luerenzweiler vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Luerenzweiler
d'Märei vu Luerenzweiler
Aussprooch
An anere Sproochenfr: Lorentzweiler
de: Lorentzweiler
LandLëtzebuerg
KantonKanton Miersch
Chef-lieuLuerenzweiler
BuergermeeschterMarguy Kirsch-Hirtt
(Är Leit)
Awunner4.521
 1. Januar 2023
Fläch1.745 ha
Héicht227 m
Koordinaten49° 42’ 0’’ N
      06° 09’ 0’’ O
LAU-CodeLU0408
Websäithttp://www.lorentzweiler.lu/

Uertschaften an der Gemeng

Geographie

Luerenzweiler läit op der Uelzecht.

Geschicht

Den 2. Oktober 1823 ass d'Gemeng Luerenzweiler an hirer Form vun haut entstanen duerch d'Fusioun vun de Gemenge Luerenzweiler an Hënsdref.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

Beschreiwung am Originaltext:
taillé de gueules et d'or à un gril de mêmes et de l'un en l'autre posé en barre, accompagnée en chef d'une main jurante apaumée d'argent et en pointe d'un ours passant de sable sellé de gueules
D.C. 20. Mee 1978 - A.M. 5. Oktober 1978 - Mémorial B 1978, Säit 1100 - Projet: Marcel Lenertz 1978

Politik

"Klenge Paradäis" Plaz, geplangt a realiséiert vum "Kannergemengerot" vu Luerenzweiler

De Gemengerot vu Luerenzweiler gëtt zanter de Wale vun 2011 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

De Schäfferot gëtt zanter 2011 vun enger absolutter Majoritéit vun „Är Leit“ gedroen. Buergermeeschtesch ass d'Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit).

Zesummesetzung

JoerÄr LeitCSVDPgréng
201163-2
20176212
2023[1]6212

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1844: Jean Stoltz[2]
  • .... - 1875: Guillaume Erpelding
  • 1875 - ...: Nicolas Federspiel[3]
  • ... - 1911: Peter Mangen
  • 1912 - 1920: Franz Dostert
  • 1921 - 1930: Théodore Pescatore
  • ...
  • 1961 - 15.07.1974: Joseph Wohlfart
  • 09.10.1974 - 31.03.1976: Fernand Dostert[4]
  • 31.03.1976 - 21.10.1978: Roger Schmitz[5]
  • 05.12.1978 - 1987: Jeannot Kaesz[6]
  • 1987 - 31.03.2022: Jos Roller (Är Leit)[7][8]
  • zanter 19. Abrëll 2022: Marguy Kirsch-Hirtt (Är Leit)[9]

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Luerenzweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Luerenzweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen