Giovanni Bosco

Den Don Bosco, eigentlech Giovanni Bosco, gebuer de 16. August 1815 zu Becchi/Turin a gestuerwen den 31. Januar 1888 zu Turin, war en italieenesche Sozialpedagog.

Giovanni Bosco
GebuertsnummGiovanni Melchiorre Bosco
Gebuer16. August 1815
Gestuerwen31. Januar 1888
Turin
NationalitéitKinnekräich Italien, Kinnekräich Piemont-Sardinien
AktivitéitPriister

De kathoulesche Paschtouer "Don Bosco" huet sech den eleng geloossenen a verwahrloste Kanner ugeholl a fir si 1846 zu Turin-Valdocco een Duerf als dauerhaft Wunnplaz fir 700 Jonker ageriicht.

1857 huet hien d'Kongregatioun vun de Salesianer an den Uerde vun de Maria-Hëllef Schwëstere gegrënnt.

1934 gouf den Don Bosco helleggesprach.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Don Bosco – Biller, Videoen oder Audiodateien