Green Party of the United States

politesch Partei


D'Green Party of the United States, kuerz Green Party, GPUS oder Greens ass eng gréng progressiv politesch Partei an den USA.

Green Party of the United States
VizepresidentenAhmed Eltouny
Christopher Stella
Rei Stone-Grover
Garret Wasserman
Margaret Elisabeth
Tamar Yager
GegrënntAbrëll 2001
Parteizentral6411 Orchard Avenue, Suite 101
Takoma Park, Maryland 20912
 USA
Memberszuel242.023
(2016)
IdeologienGréng Politik, Ecosozialismus
Politesch PositiounLénks
FaarfGréng
Representantenhaus
0/435 Sëtz
Senat
0/100 Sëtz
Websäit
www.gp.org

Si ass no den zwou grousse Parteien (den Demokraten an de Republikaner) an der Libertarian Party déi véiertgréisst Partei am Land wat d'Memberzuele betrëfft.

Si ass 2001 mat der Fusioun vu verschidde lokale grénge Parteien entstanen a konnt sech séier als wichtegst gréng Organisatioun an den USA etabléieren.

D'Green Party krut bei de Presidentschaftswalen 2000 gréisser Opmierksamkeet, well hire Kandidat, de Ralph Nader, iwwer 2,8 Millioune Stëmme (2,74%) krut. Vill Demokraten an och e puer Grénger hunn dem Nader spéider virgeworf, den Al Gore, Kandidat vun den Demokraten, hätt wéinst him d'Wale géint den George W. Bush verluer.[1] Trotzdeem bleift dem Nader säin Impakt op den Ausgang vun de Walen ëmstridden.[2],[3]


Commons: Green Party of the United States – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen