Horologium (Stärebild)

D'Pendelauer, laténgesch Horologium ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Horologium
Lëtzebuergeschen NummPendelauer
Laténgeschen NummHorologium
Laténgesche GeenitivHorologii
Laténgesch OfkierzungHor
Positiounum südlechen Himmel
Rektaszensioun2h 12m bis 4h 20m
Deklinatioun-67° 2' bis -39° 38'
Fläch249 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden20° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Hor
3,85m
Meteorstréim-
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Eridanus
Hydrus
Reticulum
Dorado
Caelum
Kaart vum Stärebildes Horologium

Beschreiwung

D'Pendelauer ass en onschäinbart Stärebild, dat aus enger Kette vu liichtschwaache Stäre besteet. Nëmmen een ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. D'Stärebid ass westlech vum helle Stär Achernar ze fannen, dem südlechste Stär vum Stärebild Eridanus.

Geschicht

D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille ënner dem Numm Horologium Oscillitorium agefouert.

Himmelsobjeten

Stären

BFNimm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α3,85m200K1 III
δ4,93m
R4,7 bis 14,3m500M7 III
β4,98m
μ5,12m
ζ5,21m
ν5,25m
η5,30m
μ5,36m
ι5,40m50G0 V
γ5,73m

Den α Horologii läit 200 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K1 III.

Den ι Horologii ass 50 Liichtjoer wäit ewech. Am Joer 1998 gouf beim Stär een Exoplanéit entdeckt.

Verännerlech Stären

ObjetGréisstPeriodTyp
R Hor4,7m bis 14,3m405 DeegMira-Stär

Den R Horologii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, dee seng Hellegkeet wärend engem Zäitraum vu 405 Deeg staark verännert. Wärend dem Maximums kann hie mat bloussem A als roude Stär gesi ginn. Beim Minimums brauch ee schonn e staarkt Teleskop. Den R Hor ass ronn 500 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu gehört der Spektralklass M7 III.

NGC-Objeten

Messier (M)NGCdibersGréisstTypNumm
126110,3mKugelstärekoup
74109,9mGalaxie

An der Pendelauer ass de Kugelstärekoup NGC 1261 an d'Galaxie NGC 1433.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Horologium – Biller, Videoen oder Audiodateien