Houfelter Kanal

Den Houfelter Kanal ass e Waasserlaf zu Lëtzebuerg am Éislek, an der Gemeng Wëntger. De Kanal ass nieft dem Agank vum Kanaltunnel bei Houfelt den eenzegen Iwwerrescht vum geplangte Meuse-Musel-Kanal, op Lëtzebuerger Terrain.

Houfelter Kanal
am Wanter

am Wanter
am Wanter
Land Lëtzebuerg
Ufank50° 05’ 54.90’’ N
      05° 54’ 36.40’’ O
Enn50° 06’ 05.00’’ N
      05° 55’ 52.20’’ O
Eegenschaften
Längt1,800 km
Héicht Ufank433 m
Héicht Enn433 m
GabaritGabarit Betchette
Infrastrukturen
Geschicht
Bau1827-1830
A Betrib gehollgoung ni a Betrib
Architekt(en)Remi De Puydt

En huet eng Längt vu ronn 1800 Meter. Säin Ufank ass 800 Meter westlech vun Houfelt, a ronn 1 km no der Uertschaft, bilt en zesumme mat der Helzenerbaach, d'Emeschbaach.

De Kanal läit op enger Héicht vu 430 Meter, leeft vu Westen no Osten, a gëtt vun der klenger Baach Kalburen gefiddert déi hir Quell op enger Héicht vu 465 Meter tëscht de Bëscher Alebësch a Jongebësch am Weste vun Houfelt huet.

Um Spaweck