Europäesch Hunnegbei

(Virugeleet vu(n) Hunnegbei)

D'Europäesch Hunnegbei (Apis mellifera), och Westlech Hunnegbei oder kuerz Hunnegbei oder Bei genannt, gehéiert zu der Famill vun den Apidae an dodran zu der Gattung vun den Hunnegbeien (Apis). Hiert ursprénglecht Verbreedungsgebitt war Europa, Afrika an dat Viischt Asien.

Europäesch Hunnegbei
Westlech Hunnegbei

Systematik
Iwwerfamill:Apoidea
Famill:Echt Beien (Apidae)
Ënnerfamill:Apinae
Gattung:Hunnegbeien (Apis)
Wëssenschaftlechen Numm
Apis mellifera
(Linnaeus, 1758)

Well se Hunneg produzéiert, gëtt se vum Mënsch dofir gezillt (Beienzuucht) a s'ass, och well se Bléie bestëpst, eent vun de wichtegsten Notzdéieren an der Landwirtschaft. Scho wärend der Kolonisatioun vun anere Kontinenter duerch d'Europäer gouf s'op der ganzer Welt verbreet. Wéi och e puer aner Beienaarten ass d'Europäesch Hunnegbei e Fluchinsekt, dat an engem Vollek lieft.

Et gëtt eng 25 Ënneraarten vun der Aart Apis mellifera, déi gemengerhand als Rasse bezeechent ginn. An Asie gëtt et nach aacht aner Aarte vun der Gattung Apis.

Um Spaweck

Commons: Europäesch Hunnegbei – Biller, Videoen oder Audiodateien