Hydrosphär
D'Hydrosphär (vum algriicheschen ὕδωρ, hýdor = Waasser an σφαίρα, sphaira = Kugel) ass eng Deelmantel vun der Geosphär vun der Äerd an ëmfaasst d'uewer- an ënnerierdesch Waasservirkommen.
D'Hydrosphär duerchdréngt d'Atmosphär, d'Lithosphär, d'Biosphär an d'Pedosphär. Dozou gehéieren d'Weltmierer, Flëss, Séien, awer och d'Grondwaasser an d'Waasser an der Atmosphär. D'Hydrosphär bedeckt ongeféier 75 % vun der Äerduewerfläch a beaflosst d'Klima an d'Biosphär fundamental a spillt eng wichteg Roll am globale Kuelestoffkreeslaf.Weiderhi si mat bestëmmter Sécherheet Waasservirkomme bis erof zu der Iwwergangszon tëscht ieweschtem an ënneschtem Äerdmantel beluecht. Doduerch reecht d'Hydrosphär bis wäit ënner d'Äerduewerfläch.[1].
Waasservirkommen op der Äerd (Hydrosphär) [2] | Waasserquantitéit a km³ | Undeel a % |
---|---|---|
Waasser am Weltmier | 1 370 323 000 | 93,9339 |
Grondwaasser, dovun am Beräich vum aktive Waasseraustausch | 60 000 000 4 000 000 | 4,12 0,27 |
Waasser um Festland- a Gletscheräis | 24 000 000 | 1,65 |
Waasser a Salz- a Séisswaasserséien, dovun a Stauséien | 280 000 5 000 | 0,019 |
Buedemfiichtegkeet, dovu Bewässerungsundeel | 85 000 2 000 | 0,006 |
Waasser an der Atmosphär | 14 000 | 0,001 |
Waasser an de Flëss | 1 200 | 0,0001 |
Total Waasserquantitéit | 1 454 193 000 | 100 |
D'Kryosphär ass deen Deel vun der Hydrosphär, deen aus festem Äis besteet:
Kuckt och
- Hydrobiosphär
- Waasserkreeslaf