Kairakkum-Stauséi
De Kairakkum-Stauséi ass vu senger Fläch hier dee gréisste Stauséi an Tadjikistan. E gëtt och "Tadjikescht Mier" genannt.
Bei der tadjikescher Stad Chudjand am Ferganadall gëtt de Floss Syrdarja opgestaut. De Stauséi ass eng 55 km laang a bis zu 20 km breet. Bei Vollstau ëmfaasst en eng Fläch vu ronn 520 km² an e Volume vu 4,16 Milliarde Kubikmeter Waasser. Mat enger duerchschnëttlecher Déift vun 8 m ass de Séi relativ flaach. Déi gréisst Déift läit bei 25 m.
Den Dall gëtt vun engem 32 m héijen an 1100 m laange Staudamm aus Äerdschuttmaterial ofgespaart. E gouf 1956 als en Deel vun de grousse sowjetesche Bewässerungsprojekter gebaut. De Syrdarja gëtt duerno nach e puer weider Kéiere fir Bewässerungszwecker an Energiegewënnung opgestaut.
🔥 Top keywords: HaaptsäitJean SimmonsSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenWikipedia:KontaktWikipedia:De StamineeWikipedia:CommunautéitssäitZweete WeltkrichBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Wikipedia:General disclaimerWikipediaStater TramWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaPol LeursLëtzebuerg (Land)Wikipedia:AktualitéitWikipedia:WëllkommEchium candicansLëtzebuergeschWikipedia:LäschenIsaiah WilsonPortal:TechnikClaire SchmartzAlternativ Demokratesch ReformparteiAli RuckertRobert FicoUniversitéit AirlanggaParkscheifSchabloun:EuropastroossenBenotzer Diskussioun:RomaineMarie-Antoinette vun ÉisträichKanton DikrechWikipedia:KategorienLëscht vun de Kierfechter zu LëtzebuergAlexandra SchoosEd Lauter